Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Amtshandlunge vum neien US-President Joe Biden

USA

Éischt Amtshandlunge vum neien US-President Joe Biden

Eng vun den éischten Amtshandlunge vum neien US-President Joe Biden war et, dem Präisser Klimaaccord bäizetrieden - déi Prozedur leeft elo. Domat huet hien eng vun den ëmstriddensten Decisioune vu sengem Virgänger Donald Trump réckgängeg gemaach.

auto_stories

1 min

Den Joe Biden huet gëschter 17 Dekreter ënnerschriwwen, hien huet och den Austrëtt vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO gestoppt. De Antony Fauci, Virusexpert vun der amerikanescher Regierung, soll haut schonn un enger Sitzung vun der WHO deel huelen.

Weider Dekreter revidéieren d'Areespolitik vum Donald Trump: esou gëtt direkt opgehalen d'Mauer un der Grenz mat Mexiko ze bauen - an och den Areesverbuet fir verschidde muslimesch Länner, deen den Trump 2017 verhangen ass, ass ophuewen.

Aschätzunge vun eisem Washington-Korrespondent Philip Crowtherplay_arrow

America first ass eriwwer, den Joe Bidden huet ugekënnegt, datt d'USA erëm international wëlle present sin.

Den Joe Bidden huet sech no senger Vereedegung u seng Mataarbechter am wäissen Haus adresséiert a kloer gemaach, datt hie Respektlosegkeet net wäert toleréieren. Et sollt een Aarbechtskolleege mat Anstand a Würd behandelen, anescht gëtt een entlooss, esou de Biden.

Haut soll den Biden en éischten auslännesche Regierungschef uruffen, an dat ass de kanadesche Premier Justin Trudeau.