Gratis ëffentlechen Transport Eenzeltickete si fir Frontaliere méi deier ginn
Fir verschidde Frontalieren huet de gratis ëffentlechen Transport een negativen Impakt op de Portmonnie. Deemno musse Persounen, déi aus noe Grenzgebidder wéi Pärel oder Lonkech mam Bus schaffe kommen, méi deier fir eenzel Tickete bezuelen.

Vum 1. Mäerz u kascht een eenzele RegioZone-Ticket op Lëtzebuerg dräi Euro am Plaz vun zwee Euro. Dat läit dodrun, datt dës Gebidder bis ewell vum bëllegen nationalen Tarif profitéiert hunn, elo allerdéngs ënner dee méi deiere RegioZone-Tarif falen, seet d'Annick Trmata vum Mobilitéitsministère op Nofro hin.
De ganzen Interview mat der Annick Trmata lauschteren
Ob d'Grenzgänger hiren Auto an Zukunft dofir éischter zu Lëtzebuerg wäerte stoe loosse fir op den ëffentlechen Transport ëmzeklamme bleift ofzewaarden, seet d'Annick Trmata. Anescht wéi déi eenzel Tickete sinn d'Abonnementer fir d'Frontalieren allerdéngs méi bëlleg ginn.