Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Een Zeeche vum Klimawandel"

Geméiskris

"Een Zeeche vum Klimawandel"

D'Keelt an dee ville Reen an de Mëttelmierlänner huet een negativen Impakt op d'Geméis- an d'Uebstproduktioun. Als Konsequenz sinn d'Präisser staark geklommen. A Groussbritannien hu verschidden Zorten aus dem Sortiment misse geholl ginn. Och zu Lëtzebuerg si Geméis an Uebst den Ament méi deier a méi rar wéi üblech.

auto_stories

4 min

Den Charles Dowding, e Geméisbauer vu Brighton

D'Präisser vum Geméis wieren hei am Land extrem an d'Luucht gaangen, seet de Helder Lemos, de Responsabele vum Geméisrayon an der Provençale. D'Situatioun wier den Ament zwar stabil. Awer virun zwou Wochen hätt een d'Präisser vun de Wueren ëm 400 bis 500 Prozent missen erhéijen, well net genuch do war.

Schnéi a Spuenien

Bei bal all de Geméis- an Uebstproduiten wier et an deene leschten zwee Méint e grousse Manktem ginn, esou den Helder Lemos. Besonnesch Courgetten oder Zalote wiere schwéier ze fanne gewiescht. Virun allem d'Produzenten am Mëttelmierraum géifen ënnert den ongënschtege Wiederbedingunge leiden. "A Spuenien huet et nach ni sou geschneit wéi dëst Joer." Souguer a Regiounen, wou d'Temperaturen ëmmer positiv wieren, wier Schnéi gefall.

Och am Biogeméisbau ginn et Problemer, esou d'Eva Hentschel vu Bioandalusi Export aus Malaga. Grad elo an der Saison vun den Zitrusfriichten hätten d'Produzenten e groussen Deel vun hirer Recolte missen aussortéieren. Bis zu 40 Prozent wieren de Bauere verluer gaangen. De Schued géif an d'Milliounenhéicht goen. Virun allem d'Stied Valencia an Alicante am Oste vu Spuenien wieren an der Lescht vu staarke Stierm a vill Reen betraff gewiescht. "Bis zu 140.000 Hektar Ubaufläch goufen zerstéiert." Zu Malaga wier et net grad sou schlëmm gewiescht. D'lescht Woch wieren awer och bei hinne Knëppelsteng gefall. Dat wier schonn ongewéinlech.

Firmaen aus Alicante a Valencia hätte Produiten aus aner Géigenden missten kafen, fir der Nofro entgéint ze kommen. Iwwert déi lescht Joren géing een ëmmer méi spieren, datt d'Klima sech verännert, seet d'Eva Hentschel. Vill Baueren géife Versécherungen ofschléissen a probéiere sech finanziell ze schützen.

Problemer zu Lëtzebuerg

Awer och hei zu Lëtzebuerg missten d'Bauere sech mat ähnlechen Defien ausernee setzen, seet de Patrick Kolbusch vu Biogros. "Mir haten ee ganz naassen Hierscht an eng Dréchenzäit." D'Grompere wieren am Kaliber ganz kleng an et géife Problemer bei de Muerte ginn.Donieft wieren d'Recolte vun de Lëtzebuerger Geméis- an Uebstbaueren méi fréi wéi d'Jore virdrun op en Enn gaangen.

"Dat hei ass een Zeeche vun engem Klimawandel. Fir mech perséinlech mol op alle Fall. Dat hunn ech en deem Sënn nach ni sou erlieft." Och fir déi nächst Rekolt géifen d'Kollegen aus Spuenien an Italien elo scho vun deene selwechte Problemer schwätzen, seet de Patrick Kolbusch. "Et kéint also sinn, datt dat hei d'Spëtzt vum Äisbierg ass, an datt mir et am Laf vum Joer nach méi ze spiere kréien."

Kabeszalot amplaz Iceberg

Virun allem a Groussbritannien soll et schwiereg gewiescht sinn, frëscht Uebst a Geméis ze kafen, heescht et an de britesche Medien. Den Charles Dowding ass e Geméisbauer vu Brighton a fuerdert d'Leit op, sech erëm méi saisonal ze ernähren, fir dem Problem entgéint ze wierken.

"Déi meescht Leit iessen dat ganz Joer iwwer Zalot. Dat ass jo och gutt fir d'Gesondheet. Wa mer am Wanter zum Beispill d'Iceberg-Zalot iessen, da schmaacht déi dacks no Waasser." Et géifen net seele Chemikalien agesat ginn, an d'Zalot géif net ënner natierleche Konditioune wuessen. Da wier se net méi sou gesond, wéi een dat kéint mengen. Am Wanter wier et zum Beispill besser, wann ee géif Kabeszalot iessen.

Den Charles Dowding mécht sech Suergen, datt vill Leit de Bezuch zum Geméis an Uebst verluer hätten. "Eng ganz Generatioun vu jonke Leit kennt dee richtege Geschmaach vum Uebst a Geméis net méi. Si hate keng Chance deen z'erliewen." Hie wéilt si dozou kréien, nees hiert eegent Geméis unzeplanzen.

Wuesstem schued der Landwirtschaft

Déi momentan Geméiskris gesäit de Geméisbauer vu Brighton als eng Warnung. D'Consommateure misste léieren, hir Erwaardungen zeréck ze schrauwen. Donieft missten d'Bauere fir hir Aarbecht anstänneg bezuelt ginn. Just wierklech grouss Betriber kéinte Revenue generéieren. "D'Bauere mussen ëmmer méi grouss ginn fir genuch Suen ze verdéngen. Et ass esou, wéi d'Wirtschaft sech entwéckelt. Si kréie manner Sue fir dat, wat se produzéieren. Si benotze méi Dünger an dat mécht och de Buedem méi schlecht."

Fir esou Geméiskrisen an Zukunft entgéint ze wierken kéint een zum Beispill Ubauprojeten zesumme mam Produzent plangen, seet d'Eva Hentschel. D'Bauere wieren ofgeséchert, datt hir Produiten kaf ginn an d'Distributeurë kéinte méi stabil Präisser iwwert eng länger Zäit garantéieren.