Radioen

On air

Tockcity  |  The Horrors - More Than Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Een Handelskrich wier eng Katastroph"

HANDELSRELATIOUNEN EU-USA

"Een Handelskrich wier eng Katastroph"

Matzen an der Energie-Kris an der ugespaanter Situatioun ronderëm de Krich an der Ukrain gëtt et Sträit tëscht zwee Alliéierten: D'EU mécht sech Suergen iwwert een US-Gesetz, dat Entreprisen an den USA Virdeeler bitt. Wéi genee drop soll reagéiert ginn, ass net kloer.

auto_stories

3 min

Den amerikanesche President Joe Biden wëllt d'USA méi gréng, méi klimafrëndlech maachen. Am Kader vum sou genannten "Inflation Reduction Act" sollen Honnerte vu Milliarden Dollar Subventiounen un Entreprisen am Secteur vu klimafrëndlechen Technologië fléissen. Déi Sue ginn un d'Konditioun geknäppt sinn, amerikanesch Matière Première anzesetzen an op amerikanesch Main d'Oeuvre zeréckzegräifen.

Frankräich fuerdert eng staark Äntwert

An der EU mécht ee sech Suergen an diskutéiert doriwwer, wéi dorop soll geäntwert ginn.

De franséische Finanzminister Bruno Lemaire ass deen, dee seng Stëmm um Bord vun der Reunioun vun den EU-Finanzministeren am däitlechsten erhuewen huet. Déi amerikanesch Subventioune féieren zu Wettbewerbsverzerrungen. Europäesch Entreprisë wieren duebel gestrooft, well d'Energiepräisser an der EU vill méi héich sinn, wéi an den USA.

"Nous attendons de la Commission européenne qu'elle fasse des propositions de réponse fortes à cette politique américaine."

Backes: EU sollt net a Protektionismus verfalen

De franséischen EU-Kommissär Thierry Breton huet souguer eng Klo virun der Welthandelsorganisatioun an d'Spill bruecht. Dat awer geet an dëser Phase villen ze wäit.

"Nee, ech menge mir musse kucken am Dialog mat den Amerikaner opzestellen, net a protektionistesch Phase falen, soll net Approche sinn wéi mir an Europa sollte virgoen", verséchert d'Lëtzebuerger Finanzministerin Yuriko Backes.

Fir d'Lëtzebuerger Finanzministerin geet et drëm, een Handelskrich mat den USA ze vermeiden.

"Wat mer absolut wëllen evitéieren, ass dat mer an een Handelskrich mat den Amerikaner erastierzen, dat wier eng Katastroph fir eis, wéi och net gutt fir d'Amerikaner, esou wéi iwwerhaapt fir d'Weltwirtschaft. Ech mengen dat ass ze évitéieren, sou datt dee Genre vu Konflikt nëmmen am Dialog ze schwätzen ass."

Och den däitsche Finanzminister Christian Lindner setzt fir elo op den Dialog.

"Es ist nicht sicher gestellt, dass die amerikanische Seite bereits vollständig wahr genommen hat, wie groß unsere Sorgen vor Konsequenzen ist. Ich gehe davon aus, dass sich, wenn wir unsere Sorgen gegenüber Washington adressieren, dass sich Lösungen finden lassen."

Déi Suerg, datt europäesch Entreprisen hir Aktivitéiten elo massiv an d'USA verlagere kéinten, ass grouss. Si hätt doheem schonn esou Annonce gemaach krut, sot déi hollännesch Ministerin, zu Lëtzebuerg war dat bis elo net de Fall, seet d'Yuriko Backes. Déi nei amerikanesch Reegelen kéinten awer duerchaus een negativen Impakt op d'Lëtzebuerger Ekonomie hunn.

EU-US-Handelsaccord als Perspektiv?

De Christian Lindner huet och ugedeit, et kéint un der Zäit sinn, d'Diskussioun iwwert een Handelsaccord mat den USA nees unzestoussen. Do kéinten awer déi komplizéiert Verhandlungen ouni Succès iwwert dee ganz ëmstriddenen Accord mam Kierzel TTIP op béide Säiten nach ze vill present sinn.

D'Europäesch Kommissioun ass am gaange mat den USA iwwert een Auswee aus der aktueller Situatioun ze diskutéieren. Eng éischt Ronn war déi lescht Woch. Et wier gutt, datt matenee geschwat gëtt, sou gëscht de Vizepresident vun der Kommissioun, de Valdis Dombrovskis

"Mir mussen eng Léisung um Verhandlungswee fannen, dat ass genee dat wat mir elo probéieren."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.