De Grand Duché huet seng Positioun nach net bekannt ginn, gehéiert awer bis elo net zu de Kritiker vum Traité.
Dat ass, vu de Fait, datt Lëtzebuerg ee gréngen Energieminister huet, am Fong erstaunlech. Den Energie-Charta-Traité gëtt nämlech zanter Jore besonnesch vun Ëmwelt- a Klimaschutz Organisatioune schaarf kritiséiert.
Trotz geplangter Moderniséierung: Ëmmer méi Länner klammen eraus
"Dee Vertrag ass een Dinosaurier, de kann net iwwerliewen", seet de Cédric Reichel vun der ONG Action Solidarité Tiers Monde.
Den internationale Vertrag staamt effektiv aus de 90er Joren. E sollt nom Enn vum Kale Krich dofir suergen, datt westlech Investitiounen am Energie Secteur vu fréieren Ostblocklänner protegéiert sinn.
D'EU-Kommissioun huet eng Reform vum Traité proposéiert, allerdéngs hu schonn eng Partie Länner, wéi zum Beispill Frankräich, Holland, Polen an elo och Däitschland annoncéiert, datt si aus dem Traité erauszeklammen.
De Vertrag ass juristesch komplizéiert an e verstéisst géint Engagementer am Klimaschutz, sou hir Argumentatioun. E gëtt nämlech Investisseuren a fossil Energien de Pouvoir, zum Beispill géint Decisioune vu Regierungen, hir Energiepolitik ëmzebauen, ze kloen.
Lëtzebuerg deet sech schwéier mat Decisioun
D'Lëtzebuerger Regierung hält sech bis elo bedeckt iwwer hir Positioun. Fir de Claude Turmes ass "den Onsënn vum Vertrag", datt de Gros vun den ofgedeckten Investitioune fossil Energie sinn, sot hie virun engem Mount um Bord vum Energieminister-Conseil.
"De Vertrag war also, sou wéi en stoung, ganz kloer net kompatibel mat der internationaler Klimapolitik, dofir hu mir eis als Lëtzebuerg vill abruecht fir den Traité ze verbesseren."
D'Propos fir eng Moderniséierung vun der EU-Kommissioun ass a sengen Aen awer ee Fortschrëtt, seet den Energieminister op enger Pressekonferenz:
"Wann d'Moderniséierung ënnerschriwwe gëtt, wier dee Vertrag mat Sécherheet besser, wéi dat, wat bis elo do war. Wann elo eng Partie Länner fannen, datt dat nach net gutt genuch ass, da muss ee sech iwwerleeën, wéi ee sech dozou positionéiert",
Hie präziséiert net, wéi Lëtzebuerg sech um Enn decidéiere wäert. Seng Hoffnung, datt erneierbar Energie vun deem Traité kéinte profitéieren, gëtt iwwerdeems vu villen Ëmweltverbänn net gedeelt.
Konsequenze fir Finanzplaz onkloer
Hei fält och de Bilan iwwer d'Reform däitlech manner positiv aus. D'Investisseure behalen ze laang ze vill Rechter, et gëtt weider op ëmstridde Schiidsgeriichter zeréckgegraff, sou ënner vill anere Punkten hir Kritik.
Dat Lëtzebuerg sech schwéier deet, Positioun ze bezéien, kéint och mat der Bedeitung vum Traité fir d'Finanzplaz ze dinn hunn. De Cédric Reichel vun der ASTM gesäit d'Roll vum Grand Duché hei ganz kritesch.
"Lëtzebuerg huet mat senger Finanzplaz Investmentvehikelen, also Bréifkëschtefirmen, een Dag gi fir Kloen ze maache vu Lëtzebuerg aus. Géint Spuenien zum Beispill. Do ginn et iwwer 20 Kloen. Dat verstéisst géint EU-Recht a géint vill international Ofkommes an trotzdeem ass dat gemaach ginn."
Lëtzebuerg misst elo aus deem Traité erausklammen, sou seng Fuerderung. Wéi een Impakt hätt dat fir de Grand Duché?
"Lëtzebuerg ass eng international Finanzplaz, wou ganz vill Fonge sinn, et ass deelweis iwwer Lëtzebuerg, wou an der ganzer Welt investéiert gëtt, dowéinst muss ee kucken, wéi een Impakt do ass."
Sot dozou och virun engem Mount de Claude Turmes.
Energie-Charta-Konferenz dee nächsten Dënschdeg
D'EU-Kommissioun wëllt bis elo un hire Propose fir eng Reform festhalen. Allerdéngs gesäit et net esou aus, wéi wa si dofir eng Majoritéit bei de Memberlänner krit.
Ze vill Länner hunn entweder annoncéiert, dogéint ze stëmmen oder sech ze enthalen. Wat da geschitt, ass net kloer.
E Vott doriwwer gouf schonn e puer Mol verluecht. D'EU-Positioun misst eigentlech bis deen nächsten Dënschdeg virleien. Op deem Dag ass nämlech eng Konferenz mat alle Signatairë vum Energie-Charta-Traité virgesinn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.