Radioen

On air

Notturno  |  John Francis Flynn - Mole In The Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Drëttel ënner Naturschutz

EU-Biodiversitéits-Strategie

Een Drëttel ënner Naturschutz

An der EU mussen op d'mannst 30 Prozent vun de Flächen zu Land an am Mier ënner Naturschutz gesat ginn. Dat proposéiert d'EU-Kommissioun als Auswee aus der Biodiversitéits-Kris. Den Asaz vu Pestizide soll bis 2030 ëm d'Hallschent reduzéiert ginn. D'Fro vun der Ënnerstëtzung fir d'Baueren ass net gekläert, och net wéi contraignant déi Ziler fir d'Memberlänner sinn.

auto_stories

4 min

Matten an der Corona-Kris gouf et vu verschiddene Säiten Drock, d'Virstellung vun dëser Biodiversitéits-Strategie ze verleeën. D'Kommissioun huet do awer net noginn. Datt elo iwwerhaapt een Text virgeluecht gëtt, ass positiv, soen Ëmweltschutzorganisatiounen. Et ass déi éischte Kéier, datt d'EU der Realitéit Rechnung dréit, stellt den Ariel Brunner vun der ONG Birdlife fest.

"Mir sinn an enger existenzieller Kris, déi bis elo net unerkannt oder wéi ee Niewesujet behandelt gouf. Eng Millioun Aarte si menacéiert, mir hunn d'Hallschent vun de Vulle verluer, verschidden Etüd schwätze vu 70 bis 80 Prozent bei den Insekten. D'Ekosystemer schmëlze virun eisen Aen."

Biodiversitéits-Kris ass Deel vun der Klimakris

D'Natur stécht an der Kris, schreift och d'Kommissioun an hirem Text. D'Kris vun der Biodiversitéit wier direkt gekoppelt un d'Klimakris, well de Klimawandel d'Zerstéierung vun der Natur acceleréiert.

Hei ginn déi richteg Liene gemaach, seet dozou déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz.

"De Verloscht vu Biodiversitéit ass grad esou wichteg wéi de Klimawandel. Dofir brauche mir elo eng koherent Politik mat obligatoreschen Ziler."

Fir déi aktuell Entwécklung opzehalen, musse méi Flächen zu Land an am Waasser ënner Protektioun gestallt ginn, seet d'Kommissioun. Bréissel schléit vir, datt op d'mannst 30 Prozent zu Land an 30 Prozent am Mier speziell geschützt ginn. Et sollen ekologesch Couloiren, ee reegelrechten Trans-Europäeschen Natur-Reseau opgebaut ginn.

Aktuell si 26 Prozent vum Land an eelef Prozent vum Mier protegéiert. D'Kommissioun wëllt 2021 Ziler fir d'ganz EU presentéieren. Hei allerdéngs fäerte Kritiker, datt dës Ziler net contraignant genuch sinn.

Den ekonomesche Wäert vun der Biodiversitéit

Op d'mannst 20 Milliarden Euro am Joer sollen der Kommissioun no an d'Natur investéiert ginn, gespeist aus Fongen, déi et aktuell scho gëtt. Doriwwer eraus soll ee signifikanten Deel vum Budget, deen d'EU an Zukunft fir de Klimaschutz prett stellt, an d'Erhale vun der Biodiversitéit fléissen.

Eigentlech missten déi zwee Voleten an all EU-Politik berücksichtegt ginn, fënnt d'Tilly Metz. Fir déi gréng Politikerin ass et eng Fro vun der Koherenz. "All Mesure misst koherent si mat der Klimapolitik an der Biodiversitéits-Strategie."

D'Kommissioun huet probéiert, déi wirtschaftlech Konsequenze vum Verloscht vu Biodiversitéit ze chiffréieren. Deemno géif bal d'Hallschent vum globale PIB op der Welt, nämlech 40 Billiounen Euro, vun der Natur an hire Servicer ofhänken. A Biodiversitéit investéiere rentéiert sech, schreift d'Kommissioun. Studien hätte gewisen, datt all Euro, deen an den Naturschutz am Mier gestach gëtt, op d'mannst dräi Euro am Retour abréngen.

Baueren: Méi-Opwand muss finanzéiert ginn

Eng ganz zentral Roll am Plang vun der Kommissioun hunn d'Baueren an d'Fierschter.

Dat géif sech awer am Text net erëmspigelen, wann et ëm d'Moyene geet, d'Mesuren ëmzesetzen, seet iwwerdeems de Pekka Pesonen, de Secretaire général vun der europäescher Bauerenassociatioun Copa-Cogeca.

Den Asaz vu chemesche Pestiziden soll ëm d'Hallschent reduzéiert ginn, leet d'Kommissioun fest. Et wier een net dogéint, mee da bräicht een och Alternativen, esou de Pekka Pesonen.

"Mir wiere frou, wann eis méi wéi eng Léisung zur Verfügung stéing. Mee d'Europäesch Kommissioun an aner Institutioune waren net am Stand genuch alternativ Mëttelen ze autoriséieren. Mir mussen also de Phenomen dohanner bekämpfen."

Bis 2030 sollen op mannst 25 Prozent vum europäesche Land biologesch bewirtschaft ginn, esou ee weidert Zil, dat d'Kommissioun fixéiert. Do misst een och sécherstellen, datt de Client prett ass, méi ze bezuelen, wann een d'Qualitéit erhale wëllt, seet de Vertrieder vun de Baueren.

Et wier net akzeptabel, datt d'Kommissioun erwaart, datt d'Bauere prett sinn, dat alles ze maachen, ouni dofir finanziell entschiedegt ze ginn. Op déi Aart a Weis wier et virprogramméiert, datt d'europäesch Landwirtschaft net konkurrenzfäeg bleift.

"Wann dat heiten duerchgeet, sinn dat déi strengst Reegelen op der Welt. D'Erwaardung ass, datt dat automatesch ëmgesat gëtt. Nom Motto: Ech soen, wat ze maachen ass, an du méchs et. Et ass keng finanziell Ënnerstëtzung virgesinn. Dat ass bedauerlech."

Doriwwer eraus géif déi nämmlecht Kommissioun Handelsaccorde mat Drëttlänner ofschléissen, déi fir eng weider Konkurrenz mat de Bauere suergt, bemierkt de Pekka Pesonen. Och dat wier eng Fro vun der Koherenz.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.