Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Meija - Buttons - Take 2 Feat. Harmless

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Een Defizit am Kampf géint d'Korruptioun

Korruptiounsindex

Een Defizit am Kampf géint d'Korruptioun

Lëtzebuerg verléiert am Corruption Perceptioun Index vun Transparency International véier Punkten an eng Plaz a kënnt elo op déi 10. Plaz. Et feelt un Efforte fir d'Korruptioun an de Blanchiment besser ze kontrolléieren, schreift d'ONG.

auto_stories

2 min

Transparency International analyséiert zanter 1995 d'Efforte vun de Länner am Kampf géint d'Korruptioun am ëffentleche Secteur. Dee Ranking gëtt op Basis vun Informatiounen opgestallt déi vun 13 externe Sourcë kommen, internationalen Organisatioune wéi der Weltbank, dem Weltwirtschaftsforum oder nach de private Risk a Consulting-Entreprisen, grad ewéi anerer.

Déi meescht Defiziter déi et am Beräich vum Kampf géint Korruptioun gëtt, ass de Manktem un néidege Mëttel fir d'Korruptioun opzedecken an ze sanktionéieren an et feelt un onofhängeg Kontrollorganer. Eppes wat ënnert anerem am EU-Parlament gefeelt huet, a wat zu de rezente Korruptiounsaffäre geféiert huet.

De Prinzip vun der revolving door encadréieren

Global gesinn hu wéineg europäesch Länner Fortschrëtter ze verzeechnen, mee grad ewéi Groussbritannien, Éisträich, d'Schwäiz an Holland gëtt et fir de Grand-Duché zanter 2017 ee Réckschrëtt.

De Phenomeen vum sougenannte revolving doorwier am Kampf géint d'Korruptioun ee wesentleche Punkt. Vun deem Prinzip schwätzt een, wa politesch Decideuren oder héich Beamten an d'Privatwirtschaft wiesselen, fir da Lobbyaarbecht ze maachen oder vun hirem Wëssen ze profitéieren, seet d'Flora Cresswell Coordinatrice vun Transparency International fir Europa.

"Lëtzebuerg misst e legale Kader schafen, fir méiglech Intressekonflikter, déi duerch sou Wiessele kéinten entstoen, ze vermeiden. Et wier och wichteg, datt de public genee wéisst, wéi eng Acteuren Afloss op de legislative Prozess hunn."

Beschränkten Accès zum RBE wier problematesch

Ee Manktem un Efforte gëtt dem Grand-Duché virgeworf, wann et drëm geet d'OECD-Konventioun iwwert de Kampf géint Korruptioun duerch auslännesch Beamten ze respektéieren, betount d'Flora Cresswell.

Weider kritiséiert Transparency International, datt de régistre des bénéficiaires effectifs, net méi fir de Grand-Public zougänglech ass.

"Et ass ee Réckschrëtt an den Efforten fir z'identifizéieren, wien Immobilien oder Verméige besëtzt, fir dat Verméigen zu Blanchimentszwecker ze notzen, dëst zu Gonschte vu Länner déi een niddrege Ranking am Korruptiouns-Index hunn."

Am November gouf de fräien Zougang zum Regëster duerch een Arrêt vum europäesche Geriichtshaff a Fro gestallt an an der Suite limitéiert. An och wann d'Press elo nees Zougang hätt, misst de Public an d'Zivilgesellschaft och een Abléck an dee Regëster hunn.