Et lafen haut scho keng Walspotte méi an den audiovisuelle Programmer. Déi lescht Wochen hunn déi iwwer 3800 Kandidaten a Kandidatinnen an de 95 vun 102 Gemengen, an deenen dëse Sonndeg gewielt gëtt, mat Plakater, Flyeren a Reklammen am Internet an op de soziale Reseaue probéiert op sech opmierksam ze maachen.
Bal ee Fënneftel vun den 330.000 Wieler a Wielerinnen huet awer scho gewielt: 18 Prozent vun den ageschriwwene Wieler:innen hunn des Kéier d'Bréifwal ugefrot. 2017 waren et nëmme 6 Prozent.
An de Programmer vum radio 100,7 hu mir de Walkampf mat Reportagen, Interviewen an Erklärunge fir Iech begleet: All déi Bäiträg kënnt Dir hei noliesen a lauschteren.
Resultater muer no 16 Auer
Mat de meeschte Resultater gëtt muer tëscht 16 an 22 Auer gerechent.
Op all den digitale Kanäl vum 100,7 an an der Walsendung um Radio vun 10 Auer bis spéit an den Owend gitt dir ëmfaassend informéiert. Nieft de Resultater a Reaktioune wäert déi ganz Redaktioun vum 100,7 d'Entwécklunge fir Iech analyséieren an anuerdnen.
Vun 10 bis 14 Auer wäert der an eiser Walsendung Temoignagen héiere vun e puer vun deenen dausende Leit, déi muer am Asaz si fir datt d'Wale gutt iwwer d'Bün ginn. Eleng an der Stad Lëtzebuerg sinn an 88 Walbüroen dofir eng 900 Leit am Asaz.
Vu 14 bis 16 Auer maache mer fir Iech eng Analyse vum Walkampf a vun den Enjeuen um Walsonndeg, zesumme mat eise Reporter déi muer an alle Regioune vum Land um Terrain sinn. Well d'Gemengewalen als Test fir d'Chamberwale vum 8. Oktober wäerte gëllen, héiert Dir och Interviewe mat Vertrieder vun de grousse Parteien. A mir hunn d'Spëtzekandidat:inne vun de grousse Parteie fir d'Chamberwale vum 8. Oktober wärend der Campagne fir d'Gemengewale begleet.