Chamberwahlen 2018 Een Dag mam Etienne Schneider

Een Dag mam: Etienne Schneider
(Foto: Max Dalscheid)

Etienne Schneider: 47 Joer al, Vize-Premier, Minister vun der Ekonomie, der Verdeedegung an der bannenzeger Sécherheet, Spëtzekandidat vun der LSAP mat der Ambitioun Premier ze ginn. Trotz ongënschtege Sondagë fir seng Partei, gëtt hie sech zouversiichtlech a kämpferesch. De Maurice Molitor war d'lescht Woch een Dag mam Etienne Schneider ënnerwee.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Bettel 1
Chamberwahlen 2018

Dem Xavier Bettel seng Wahlcampagne leeft op Héichtouren. Nieft Interviewen a Pressekonferenzen geet hien och senger 'normaler' Aarbecht als Regierungschef no. De Pierre Reyland huet hien op esou engem Dag begleet.

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen