Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Een attraktiven Theema"

Weltraum

"Een attraktiven Theema"

D'Lëtzebuerger Space-Resources-Initiativ ass an där konkreter Phas ukomm. Dës Woch gouf den ESRIC offiziell lancéiert: e Fuerschungs-, Innovatiouns- a Kompetenzzenter a Saache Weltraumressourcen, dee säi Sëtz zu Lëtzebuerg huet, an un deem mat der ESA, der Europäescher Weltraum-Agence, e prominente Partner bedeelegt ass.

auto_stories

2 min

An enger éischter Phas funktionéiert den ESRIC als Departement vum LIST (dem Luxembourg Institute of Science and Technology). Am LIST géifen et scho Leit ginn, déi op dësen Theeme fuerschen, notamment an der Materialfuerschung, seet de Mathias Link, Interimsdirekter vum ESRIC. Seng Aufgab ass et fir eng Ekipp u Fuerscher zesummenzestellen.

"Mir schaffe mat der ESA: d'ESA huet och Leit, déi schonn zanter Joren doru schaffen. Dat heescht, et geet elo mol an enger éischter Phas drëm fir dat, wat mer hunn, zesummenzeleeën, an dann effektiv ze completéiere mat neie Leit."

De Mathias Link weist sech hei optimistesch, well et en attraktiven Theema wier. "Dat hu mer och an de leschte Jore gesinn: normalerweis, wann der do eng Plaz ausschreift, da kritt der wierklech vill Offeren an och vill gutt Offeren."

Eng weltwäit Kooperatioun

D'NASA, déi amerikanesch Agence, ass zwar net direkt involvéiert, weist awer groussen Interessi un där neier Struktur an un der Aarbecht, déi do gemaach wäert ginn. Dee Geescht vun Zesummenaarbecht wier symptomatesch fir de Secteur, seet de Mathias Link:

"De Weltraumsecteur ass effektiv e Secteur, wou enorm vill matenee geschafft gëtt, international, um europäeschen Niveau, well einfach ganz seelen een eenzegt Land eleng kann eppes maachen. D'Amerikaner sinn natierlech ganz staark, si hunn och ganz héich Budgete par rapport zum Rescht vun der Welt. Mee am Endeffekt si si awer ganz staark op fir international Kooperatiounen. An dat gëllt natierlech och fir dee spezifesche Secteur vun de Ressourcen."

Zukunftsmusek?

Villes, wat een an deem Kontext héiert, klengt no Zukunftsmusek. Allerdéngs ass déi Zukunft warscheinlech méi no wéi ee mengt, seet de Mathias Link:

"Wien hätt virun 20 Joer geduecht, datt mir hei op der Strooss kënne ronderëm goen a gläichzäiteg den Handy kënne kucken a mat engem do kënne schwätzen, dee mer och gesinn. Dat si wierklech Saachen, déi deemools no kompletter Zukunftsmusek geklongen hunn. An hei ass et genee esou: Dat gesäit effektiv ëmmer wäit ewech aus, mee dat ass guer net esou wäit ewech. D'Amerikaner wëllen 2024 um Mount landen. Souguer wann dat nach e bëssen no hanne verluecht gëtt: dat ass guer net méi esou wäit fort"