Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Altersheem preparéiert sech op d'Corona-Kris

Gesellschaft

Een Altersheem preparéiert sech op d'Corona-Kris

Wéi eng Preparatiounen op d'Corona-Pandemie ginn et an engem Altersheem? Wéi ginn d'Bewunner geschützt an iwwer d'Kris informéiert? An ass genuch Personal do? Dat hu mir beim René Wirth nogefrot, hien ass Direkter vum Home pour personnes âgées St. Joseph zu Miersch. An dësem Centre pour personnes agées (CIPA) liewen de Moment 120 Persounen tëschent 70 an 101 Joer.

auto_stories

3 min

De René Wirth ass Direkter vum Mierscher Altersheem

Am Altersheem zu Miersch gëtt et bis elo kee Fall vu COVID-19, weder bei de Bewunner nach beim Personal. E puer Mataarbechter, déi scho getest goufen, wieren alleguer negativ, genee wéi ee Pensionär, dee rezent getest gouf.

Wann et e positive Fall bei engem Bewunner géif ginn, da géif d'Fra oder de Mann um Zëmmer isoléiert ginn, erkläert den Direkter vum Mierscher CIPA René Wirth. An esou engem Fall géifen alleguerten déi Mesures de protection, déi vun der Santé virgeschriwwe sinn, agehale ginn, an d'Personal géif mam néidege Material ausgerüst ginn, fir d'Persoun ze isoléieren. A wann de Pensionär da misst intensiv-medezinesch behandelt a betreit ginn, da géif den Hausdokter d'Persoun an d'Klinik schécken", sou de René Wirth.

Opnamestopp, keng Entretiene méi un den Anlagen a kee Besuch méi

Fir Corona-Fäll ze vermeiden, goufen eng ganz Partie Moossnamen decidéiert. "Mir hu virun allem direkt emol een Opnamestopp gemaach fir nei Bewunner eranzehuelen. Déi Leit, déi amgaang waren ze plënneren, do gouf gesot am Moment kënne mir net weidermaachen."

Donieft däerf - ausser dem Personal vum Altersheem - keng Persoun vu bausse méi an d'Haus, esou den Direkter René Wirth.

"Dat heescht do däerfe keng Entretiene méi gemaach ginn un den Anlagen, ausser et si vital Anlage fir d'Haus. Coiffeur, Pedicure goufe mol op Äis geluecht. D'Familljemembere vun de Bewunner kommen net méi an d'Haus eran. Si däerfen net méi erakommen."

Vum Balkon wénken a mat senge Prochen telefonéieren

Wat d'Protectiounsmaterial ugeet, gouf de Stock vergréissert an et kéint een doriwwer eraus op Liwwerunge vum Gesondheetsministère zeréckgräifen. De Programm vun den Aktivitéite fir d'Bewunner aus dem Altersheem zu Miersch gouf un d'Situatioun ugepasst. An och de Kontakt no bausse funktionéiert an dëser Kris anescht.

"Mir probéiere mat de Pensionären Telefonsappelle mat hire Prochen, mat hirer Famill ze organiséieren, mir probéiere Videoappeller ze maachen. Mir kucken, datt, wann ee wëllt onbedéngt säi Proche gesinn, datt mer vläicht vum Balkon erof de Leit wénken, mat hinne schwätzen, mat de Familljememberen, wa si virun d'Haus kommen."

D'Personal vum Heem zu Miersch huet vun der Direktioun recommandéiert kritt, sech un d'Reegelen ze hale fir sech dobaussen net ze infizéieren. Fir de Moment hätt een am Altersheem genuch Personal. Et hätt ee souguer manner Krankeschäiner wéi virun der Kris, de René Wirth schwätzt vun enger héijer Loyalitéit ënner de Mataarbechter.

Méi Aktivitéiten am Alldag an eng immens héich Loyalitéit ënner de Mataarbechter

E weidere wichtege Punkt wier, datt een d'Bewunner doriwwer opkläert, wat dobausse geschitt. Generell géif et d'Philosophie am Haus ginn, datt reegelméisseg mat de Leit geschwat gëtt. Et hätt een d'Aktivitéiten, déi iwwer den Dag organiséiert ginn, op 4-5 eropgeschrauft. "Do thematiséiert d'Personal beim Pensionär, wat dobausse lass ass, och mol wéi vill Leit scho verstuerwe sinn, datt d'Butteker all zou sinn. Si kucke mat eis de Fernsee (...)".

Trotz der Corona-Kris wier d'Ambiance am Altersheem zu Miersch dem Direkter no generell "immens gutt".

"Mir laache vill zesummen. Et mécht wierklech richteg Spaass ze gesinn, datt d'Mataarbechter alleguerten un engem Strang zéien, fir datt eis Pensionären net krank ginn, an datt mer dee Virus vun eisem Haus souwäit wéi méiglech fort halen."