Radioen

On air

Notturno  |  Junior Boys - Waiting Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Een Aen, dat laacht, an een Aen, dat kräischt"

Serge Heiles

"Een Aen, dat laacht, an een Aen, dat kräischt"

D'Stater Pompjeeë plënneren no bal 100 Joer a verschiddene Plazen an der Areler Strooss an déi nei Kasär um Rond-point Gluck.

auto_stories

3 min

De Kommandant Serge Heiles

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow

Op der Areler Strooss waren d'Pompjeeën zanter bal 100 Joer installéiert. Fir d'éischt vun 1922 un an engem Schapp, dee vun der Stad Lëtzebuerg fir 5.000 Frang d'Joer beim Staat gelount gouf. 1967 plënneren d'Beruffspompjeeën an déi méi grouss Kasär op der Areler Strooss. Elo plënnert den CSI an d'Kasär vum Rond-point Gluck.

Plënnere mat gemëschte Gefiller

No esou ville Joren hätt ee gemëschte Gefiller, seet de Kommandant vum CSI Lëtzebuerg de Serge Heiles:

"Et huet ee Villes do erlieft, Guddes a manner Guddes. Dat ass natierlech e bëssen emotional, wann een dann do erausgeet."

D'Pompjeeë plënneren op de Rond-point Gluck. Foto: CGDIS

De Kommandant vum Centre d'incendie et de Secours Lëtzebuerg Serge Heiles war zanter 30 Joer an der Kasär op der Areler Strooss bei de Pompjeeën aktiv an huet och Munches do erlieft. Hien huet beim Plënneren een Aen dat laacht an een Aen dat kräischt.

Kasär um Rond-point Gluck mat neie Méiglechkeeten

Déi zwee Gebaier kéint een net matenaner vergläichen, seet de Serge Heiles. Dat neit Gebai wier zéng Mol méi grouss, wier top modern. Et wier Villes bei der Planung iwwerpréift ginn:

"Mir waren an der Zäit och ganz vill Gebaier an Däitschland kucke fir och Feeler aus dem Ausland net ze kopéieren. Et gëllt natierlech all d'Gefierer ënnerdaach ze kréien, wat op der Areler Strooss net de Fall war. Do stounge vill Gefierer och dobaussen, déi dann am Wanter Problemer haten. Op där anerer Säit hu mer och nei sanitär Installatiounen an eng Méiglechkeet, dat schwaarz-wäisst Konzept ëmzesetzen. Dobäi geet et ëm déi strikt Trennung tëscht den Asaz-Equipementer an de soziale Raimlechkeete fir eng Kontaminatioun ze verhënnere mat Substanzen, déi duerch ee Brand un de Kleeder an un de Gefierer hänke bleiwen. A punkto Formatioun hu mer elo ganz aner Méiglechkeeten."

Ännerung bei den Asätz

D'Asätz wäerte sech mam Plënnere liicht änneren. De CSI-Lëtzebuerg, deen elo zu Gaasperech um Rond-point Gluck installéiert ass, gëtt elo méi südlech vun der Stad an den Asaz geschéckt. Déi Plazen, déi nërdlech vun der Stad leien, géife vun aneren Unitéite couvréiert ginn.

De CGDIS kann awer, wann d'Situatioun sech ännert och decidéieren nach eng weider Kasär opzebauen, erkläert de Serge Heiles