Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Virus, deen Angscht mécht

Corona-Pandemie

Ee Virus, deen Angscht mécht

Angscht virun eppes hunn erméiglecht eng Reaktioun, ënnersträicht de Psychiater Paul Rauchs. De Coronavirus ass awer onheemlech, well een en net gesäit an do riskéiert eng Angoisse ze entstoen, warnt de Paul Rauchs. De Mënsch ka sech machtlos fillen.

auto_stories

5 min

Den Dr. Paul Rauchs ass Psychiater. Foto: Archiv

Aus deem Grond wier et och zu den Hamsterkeef komm. De Psychiater ënnersträicht, datt een dat aus der Angscht eraus géif maachen, wat positiv ze bewäerte wier. Wann et awer zu irrationalen Akeef géif kommen, da wieren déi Stocke kontraproduktiv. "Wa mer a Panik geroden, da kafe mer ze vill an da schuede mer deem Aneren", betount de Paul Rauchs.

"Ech verstinn, datt ee ka Räis, Zocker an Nuddele kafen. Ee Rätsel bleift de Phenomeen vum Toilettëpabeier, dee virun allem an Däitschland, Lëtzebuerg oder Groussbritannien observéiert gouf. De Freud sot, datt déi Leit, déi vill kollektionéiere géifen an also Hamsterkeef maachen, een anale Charakter hätten. Vläicht kann een och soen, datt dat ons sch... deet", bemierkt de Paul Rauchs.

Et ass och net nëmmen de Virus, deen eis ustécht, mee och de Comportement vum Noper. Da géif ee fäerten, datt den Noper engem déi lescht Nuddelen oder dee leschten Toilettëpabeier ewechhëlt", ënnersträicht de Paul Rauchs.

Konspiratiounstheorien

Och bei Konspiratiounstheorien, déi an de sozialen Netzwierker zirkuléieren, géif et sech ëm de Versuch handelen, sech Erklärungen ze ginn, déi wuel falsch sinn, mee déi an enger éischter Phas géife berouegend wierken.

"Dann huet een den Androck, datt wann een dee Béisen demaskéiere kann, datt een deem d'Handwierk ka leeën", mengt de Paul Rauchs.

Vum Feindbild bis hin zur Selbsterkenntnis

Um Ufank vun der Pandemie huet et geheescht, de Virus kéim aus China, dono koum en aus Italien. D'Krankheet, dat Béist, kéim ëmmer vun deem Aneren, esou de Psychiater Paul Rauchs.

"D'Syphilis ass fréier a Frankräich de Mal de Naples genannt ginn. An Italien huet ee vum Mal français geschwat. An den Trump, wann een deem nolauschtert, da kënnt de Virus nach ëmmer aus China".

Wat sech elo an enger zweeter Phas geännert hätt, wier datt et net méi deen Anere wier, deen d'Krankheet géif iwwerdroen, mee d'Gefor kéim vun eis Alleguerten.

"Et kann Är Famill sinn, Ären Noper, dat heescht, de Virus kann elo vun eis selwer iwwerdroe ginn. An da kucke mer eis an de Spigel an da gesi mer och, datt dat Schlecht an eis ass."

D'Roll vun den Hänn

Fir en Ustieche mam Coronavirus ze verhënneren, soll ee jo seng Hänn wäschen. Mat sengen Hänn kéint ee Villes maachen, een erwiergen oder och heemelen, notéiert de Psychiater.

"D'Hänn kéinten also geféierlech sinn" (bei der Iwwerdroung vum Virus), betount de Paul Rauchs. Et muss een natierlech och drop oppassen, datt een dat net ze dacks mécht. An der Psychiatrie kennt een och Krankheetsfäll, wou een näischt anescht mécht, wéi sech d'Hänn ze wäschen.

D'Quarantän bréngt och Positives

Et wier wichteg, datt d'Leit wärend där Quarantän Saachen nei erfannen, seet de Paul Rauchs. "Ech gesinn d'Leit, déi eleng liewen, an déi mat Hëllef vum Handy Leit invitéieren an zesummen ee Glas drénken".

Noriichten op der Televisioun mat Mooss kucken

Et soll een och virsiichteg si mat den Noriichten, et soll ee se éischter liesen oder lauschteren. Ze vill Biller op der Televisioun maachen engem Angscht, erkläert de Paul Rauchs.

"Wéi ech bis d'Televisioun gekuckt hunn, hat ech vill méi Angscht an dunn hunn ech och méi opgepasst op de Virus. Et ass keng Gripp wéi eng aner." Wéi d'Informatioun op de Mënsch awierkt, géif vun der Virgeschicht vun der Persounen ofhänken. Wat d'Angoissen ugeet, misst ee sech observéieren.

"Wann ee Symptomer huet wéi Häerzklappen, wann ee mengt, et géif ee keng Loft méi kréien, wann een net méi schlofe kann, da muss een drun denken den Telefon ze huele fir mat engem ze schwätzen, oder SOS-Détresse an den Dokter uruffen."

De Confinement: eng Chance fir d'Famillen

Fir d'Zesummeliewe mat de Kanner ass et eng positiv Period, well ee méi Zäit huet fir mat de Kanner zesummen Aktivitéiten ze maachen, den Handy op d'Säit ze leeën a mat hinnen ze spillen. Wichteg wier et mat de Kanner eppes ze ënnerhuelen, esou de Paul Rauchs. Et misst ee sech awer och en Dagesprogramm ginn.

All Mënsche retten, ob al oder jonk

Et geet fir d'Mënschheet an dëser Pandemie drëm méi wäit ze goen, wéi dat wat de Charles Darwin a senger Theorie vun der Evolutioun vu virun 150 Joer schreift. An der Natur géif et de Prinzip gi vum Stäerksten, dee géif iwwerliewen. Där Theorie no géif d'Natur een Equiliber schafen. Wann eng Spezies sech ze staark entwéckelt huet, da schéckt se Krankheeten oder mécht, datt et eng Liewensmëttelknappheet gëtt. Dem Darwin no geet dann d'Zuel un Individue vun där Spezies erëm erof.

Dat ass de biologeschen Darwinismus, déi een a senger Evolutiounstheorie erëmfënnt, notéiert de Paul Rauchs.

"Mir sinn awer net nëmmen eng Espèce naturelle, de Mënsch ass haaptsächlech ee kulturellt Wiesen. An deem Sënn musse mer mat deem Virus eens ginn. Mir mussen alles ënnerhuelen, datt dee Survival of the fittest am biologesche Sënn bei eis näischt ze sichen huet, an dofir maache mer de Confinement, an dofir maache mer alles, wat an eise Mëttele läit fir och déi Arem, déi Krank an déi Schwaach ze retten, och wa si 90 Joer al oder krank sinn", esou de Psychiater. Dat ass dat, wat de Mënsch vum Déier ënnerscheet, an do dierfe mer net dru réckele goen, fuerdert de Paul Rauchs.