Radioen

On air

Al Schanken  |  Vaughan, Stevie Ray - Colt Shot

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ee Sticker geet net duer"

Chronik

"Ee Sticker geet net duer"

Gëschter war den internationalen Dag, op deem op Liewensmëttelverschwendung opmierksam gemaach soll ginn. En Theema, dat och zu Lëtzebuerg ganz aktuell ass. De Landwirtschaftsminister Claude Haagen huet eng Ëmfro an eng Campagne virgestallt. Dat ass net ganz vill, mengt de Jacques Ganser.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Et ass eng weider flott Campagne, déi sech areit an eng ganz Rei vu flotte Campagnen, déi d'Regierung ewell lancéiert huet: "Mir sinn Anti-Gaspi, an Dir?" steet op engem faarwege Pechbild.

Domadder deet ee kengem wéi an de gesonde Mënscheverstand wäert et scho reegelen. Genee dee gesonde Mënscheverstand, dee sech meeschtens dann ofgemellt huet, wann en am néidegste gebraucht gëtt.

Een Drëttel vun de Liewensmëttel gëtt weltwäit ewechgeheit

Déi Kéier also eng Campagne vum Landwirtschaftsminister Claude Haagen géint d'Verbëtze vu Liewensmëttel. Et ass gutt, datt dës Problematik thematiséiert gëtt. Ronn en Drëttel vun alle produzéierte Liewensmëttel weltwäit fléien an d'Dreckskëscht, zu Lëtzebuerg sinn et enger Etüde vun 2019 no 70.800 Tonnen d'Joer.

Dat ass en Hohn vis-à-vis vun de Milliounen, déi un Honger leiden. Ma et heescht och: Een Drëttel vun de Felder gi fir näischt gesprëtzt a gedüngt, vill Déieren onnëtz geschluecht a vill Energie sënnlos verbraucht.

Dem europäeschen Ëmweltbüro no, an deem 180 ONGe vertruede sinn, ginn an der EU méi Liewensmëttel ewechgehäit wéi importéiert ginn.

Lëtzebuerg: Konsument geheit am meeschten ewech - oder?

D'Zuele fir Lëtzebuerg, déi de Landwirtschaftsminister presentéiert huet, iwwerraschen: 75 Prozent vun allen Liewensmëttel-Offäll géife vun de Konsumente kommen, nëmme siwe Prozent aus dem Commerce.

De Konsument huet ouni Zweiwel mat sengem Verhalen e grousse Poids an dëser Problematik, a vill Grande-surfacë gi Liewensmëttel u sozial Associatioune virun, dat stëmmt.

Mee vergläicht een déi Zuele mat deene vum franséische Ministère de la transition écologique, da fält d'Differenz op: Do maachen d'Konsumente just 33 Prozent aus, d'Produktioun an Transformatioun, déi bei eis guer net ernimmt ginn, kommen op 32 Prozent.

Ginn déi richteg Leit sensibiliséiert?

D'Etüd vun der Ëmweltverwaltung, op déi sech de Landwirtschaftsministere berifft, nennt sech selwer eng Schätzung. Informatiounen, wéi vill Liewensmëttel scho bei der Produktioun zu Lëtzebuerg ewech falen, konnten net geliwwert ginn.

Och déi fräiwëlleg Réckmeldungen aus de Grouss- an Eenzelhandel hu laut der Etüde keng Conclusiounen zougelooss. D'Fro stellt sech also, ob et richteg ass, just de Konsument an dëser ganzer Ketten ze sensibiliséieren.

Oder wéi a Frankräich den Handelssecteur per Gesetz finanziell ze strofen, wann e Liewensmëttel ewechgeheit. Nëmme verbindlech a kloer definéiert gesetzlech Zieler wäerten hei ophëllefen.

An da kann een ëmmer nach d'Fro stellen: Gëtt net einfach vill ze vill produzéiert? Bis mer d'Äntwert hunn, kënne mer ëmmer nach de Frigo richteg araumen.