Lëtzebuerg géif déi séier Reaktioun vu Bréissel fir der Ekonomie an de Memberlänner ze hëllefe begréissen, esou de Franz Fayot. Hien hätt besonnesch d'Wirtschaftsministere vun den Nopeschlänner op déi fräi Zirkulatioun vu Wueren an der EU opmierksam gemaach. Déi fräi Zirkulatioun vu Persounen a Servicer wier wichteg, grad fir Lëtzebuerg wier dat wesentlech.
Zu Lëtzebuerg géifen awer och Saache produzéiert ginn, déi vill am Ausland gefrot ginn. Zum Beispill Tyvek vun Dupont wier d'Schutzkleedung géint de Coronavirus. Däitschland hätt no de Gespréicher op EU-Niveau verschidde Restriktioune bei de Gidder opgehuewen.
Kleng- a Mëttelbetriber ginn ënnerstëtzt
Hien hätt mam Lex Delles e Gesetzesprojet deposéiert fir d'Ënnerstëtzung vu Kleng- a Mëttelbetriber. D'Regierung lancéiert e koherenten a substantielle Pak fir déi national Ekonomie ze stäipen, esou de Franz Fayot.
Dat wiere bestoend awer och nei Mesuren, déi vun der ganzer Regierung géife gedroe ginn. De "Covid19-Stabiliséierungspak" géif sech net just op een Domän limitéieren, an dofir wéilt hien net op den Detail agoen.
Keng Scholden néideg
Déi staatlech Investitiounsbank SNCI wier agebonnen, wéi och aner Banken. Eng finanziell Enveloppe fir dee Pak géif hie bewosst net nennen, mee d'Staatsfinanze wiere gesond. "Mir wäerten net kënnen all Betrib hëllefen, mee mir wäerten alles maachen, wat méiglech ass", esou de Wirtschaftsminister.
"Mir mussen hei net iwwer e weideren Endettement schwätzen, well d'Lëtzebuerger Staatsfinanze si gutt", seet de Franz Fayot.