Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Een Urteel a seng méiglech Auswierkungen

Altkanzler Gerhard Schröder

Een Urteel a seng méiglech Auswierkungen

Virun engem Joer huet den däitsche Bundestag dem Gerhard Schröder seng Büros-Privileegien ewechgeholl. Dat wollt dee fréiere Bundeskanzler net op sech setze loossen - an ass viru Geriicht gezunn. Zu Berlin huet awer lo d'Verwaltungsgeriicht decidéiert: dem Gerhard Schröder géif kee mat ëffentleche Sue finanzéierte Büro zoustoen. Dat kéint e richtungsweisend Urteel sinn, seet eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch an der Auslandschronik.

auto_stories

2 min

De Gerhard Schröder an d'Zäit no senger Zäit als Regierungschef - dat ass eng turbulent Affär. An rezent huet déi Affär nach e Kapitel méi. Bis op Weideres wäert de fréiere Bundeskanzler säi Büro - inklusiv Mataarbechter - net zréckkréien.

Altkanzler ouni Verflichtungen?

Mee e Schrëtt zréck, an de Mee virun engem Joer. Wéi d'Budgetskommissioun vum Bundestag deemools matdeelt huet, dem Gerhard Schröder géif kee vum Staat bezuelte Büro méi zoustoen, hat an Däitschland jidderee gemengt: Dat ass wéinst dem Krich an der Ukrain. De Gerhard Schröder, tëscht 1998 an 2005 däitsche Bundeskanzler, war no senger Amtszäit an éischter Linn als Lobbyist fir russesch Gas-Entreprisen opgetrueden. Bei Gazprom souz hie jorelaang am Verwaltungsrot.

A wéinst senger Proximitéit zu Russland a senger Weigerung, sech am Konflikt géint Russland ze positionéieren, ass dem Gerhard Schröder vill Kritik entgéint komm. D'SPD, huet - ouni Succès - souguer probéiert, hien aus der Partei ze geheien. Eng Rei vu senge Mataarbechter haten hir Posten als Reaktioun op dem Schröder seng Net-Reaktioun geraumt.

Tatsächlech huet awer schonn deemools d'Budgetskommissioun ouni seng Positionéierung zu Russland argumentéiert. De Gerhard Schröder géif keng Verflichtungen als Altkanzler méi wouerhuelen, an hätt domat no däitschem Recht säi Privileeg verluer, e Büro mat Mataarbechter dierfen ze notzen.

Auswierkungen op Merkel a Co.?

Dat wollt de fréiere Kanzler awer net akzeptéieren. Iwwer seng Affekoten huet hie matdeele gelooss, hie géif weiderhin "massenhaft" Ufroe vu Bierger kréien. Ausserdeem hätt all anere fréiere Regierungschef a Büro op Liewenszäit gehat.

An engem bis elo an der däitscher Geschicht eenzegaartege Schrëtt ass de fréiere Bundeskanzler doropshi viru Geriicht gezunn, fir e Beschloss vun enger Parlamentskommissioun ze kippen. An éischter Instanz huet de Gerhard Schröder do also verluer, de Fall wäert op der juristescher Leeder awer wuel um nächsten Niveau weidergoen.

Wéien Urteel finalement wäert getraff ginn, kéint och aner Amtsträger an Däitschland interesséieren. Fir d'Angela Merkel schaffen zum Beispill zënter dem Regierungswiessel néng Persounen. Nieft de fréiere Bundeskanzler kréien awer och d'Bundespresidenten an d'Bundestagspresidenten no hiren Amtszäite Büroen a Mataarbechter zur Verfügung gestallt. Déi fréier Staatscheffen hunn Urecht op e Büro op Liewenszäit, d'Parlamentspresidente kréien e Büro wärend véier Joer.

De Gerhard Schröder huet sech iwwerdeems net interesséiert gewisen um Urteel. Am Geriichtssall war hien net. Seng Affekoten hu matdeele gelooss, de fréiere Bundeskanzler wier an der Vakanz a wéilt sech net äusseren.