EU-Finanzminister Ee Rettungspak mat ambigue Messagen

D'EU-Finanzministere si sech um zweeten Ulaf eens ginn iwwer ee Pak mat Wirtschaftsmesuren, déi de Länner sollen hëllefen, d'Konsequenze vun der Corona-Kris ekonomesch opzefänken. Gestridde gouf virun allem iwwer d'Konditiounen, ënner deene Kreditter accordéiert ginn. Wien huet sech an de Verhandlungen um Enn duerchgesat? A sinn elo déi ëmstridde Corona-Bonds endgülteg vum Dësch? Dorop kucke mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Mario Centeno, de President vum Eurogrupp
De Mario Centeno, President vum Eurogrupp, wärend der Videokonferenz vum Eurogrupp. Foto: EU / Patricia de Melo Moreira

Um Enn ass ee sech also awer nach eens ginn. Wat huet dann den Ausschlag dofir ginn? Wien huet um Enn noginn?

Et ass ee sech bewosst ginn, datt ee muss een Accord fannen. De franséische Finanzminister Bruno Lemaire hat e Mëttwoch de Moien, nodeems een d'ganz Nuecht verhandelt hat a sech net eens war, vun enger Schan fir d'EU geschwat. An och dovun, datt een Echec ondenkbar ass. De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna sot, Europa wier zum Accord verdaamt. Also den Drock war enorm grouss.

Um Enn huet jiddweree gewonnen

Wien huet noginn? Op den éischte Bléck ass dat schwéier soen. Wann een kuckt, wat déi zwee Ministere mat den zwou am meeschten opposéierte Positiounen no der Reunioun vu gëschter op Twitter matgedeelt hunn, dann huet een d'Impressioun, si ware net op där nämmlechter Veranstaltung.

Den italieneschen an den hollännesche Finanzminister hunn deels bal de Contraire ee vun deem anere behaapt. Mee dat kënnt méi dacks vir an dat deit meeschtens drop hin, datt den Text, dee festgehale gouf, éischter vag gehalen ass a vill Spillraum fir Interpretatioune léisst.

Do muss een dann den Detail kucken, an dat klengt Gedréckte liesen.

Wat gouf da genee festgehalen?

Wat feststeet, ass datt ee Pak mat dräi grousse Pilieren decidéiert gouf.

  • Éischtens Kreditlinne vu bis zu 240 Milliarden Euro, déi aus dem ESM, dem Europäesche Stabilitéitsmechanismus, ervirginn.
  • Zweetens ee Garantiefong, dee vun der Europäescher Investitiounsbank kënnt, aus deem sech Entreprisë Sue léinen kënne. Dat sollen um Enn bis zu 200 Milliarden Euro sinn.
  • An drëttens een Dëppe vun ronn 100 Milliarden, dat si Suen, déi sech d'Kommissioun géif léinen an un déi Länner virugëtt, déi eng Demande maache fir gehollef ze kréie fir hire Chômage partiel ze finanzéieren.

Konditioune vu Kreditlinne mussen nach gekläert ginn

Ganz ëmstridde ware jo hei d'Konditiounen, déi gëlle fir Suen aus dem ESM geléint ze kréien. Do dierfen et guer keng Konditioune ginn, sot Italien, dat gefaart huet, et géif duerno streng Oplage gemaach kréien, wéi dat fir Griichenland de Fall war. Holland huet drop bestanen, datt d'Suen op kee Fall u keng Konditioune geknäppt ginn.

Am Text steet elo, et géife Kreditter ouni Konditioune ginn. Allerdéngs dierfen déi Sue just fir direkt oder indirekt Gesondheetskäschte genotzt ginn, déi mat der Corona-Kris ze dinn hunn.

De Mario Centeno, de Chef vum Eurogrupp, krut gëschter Owend déi Fro gestallt, ob dat da wierklech just medezinesch Käschte wieren. Hien huet betount, et géif sech hei net ëm eng enk Definitioun handelen, an huet sech do och op déi "indirekt" Gesondheetskäschte bezunn.

Wat duerno alles genee dorënner fält, wäert da sécher nach fir Diskussioune suergen.

Déi ëmstridde Corona-Bonds, also Staatsemprunte fir déi d'Länner zesumme géifen opkommen, sinn also vum Dësch?

Jein, dee Sträit gouf éischter verdaagt. Et gouf decidéiert, datt ee Fong fir den Nees-Opbau soll op d'Bee gesat ginn. Doriwwer goufen awer keng Detailer gekläert. Et gouf festgehalen, datt d'Staats- a Regierungscheffe sech domat befaasse sollen. Dat ass also zur Chefsaach erkläert ginn. Op zu deem Fong och Euro- oder Corona-Bonds gehéieren, gouf opgelooss. De franséische Finanzminister hat proposéiert, datt aus deem Fong kéinten Bonds ervirgoen.

Corona-Bonds heeschen elo "innovativ Finanzinstrumenter"

Fakt ass hei, datt dat Wuert Corona-Bonds oder iwwerhaapt Bonds am Text net virkënnt. Et geet do vun "innovativen Finanzinstrumenter" rieds - ouni ze soen, wat dat kéint sinn.

Och hei soen déi zwee Ministeren eppes anescht. Den italienesche Finanzminister Roberto Gualtieri schreift op Twitter, Euro-Bonds wieren nach um Dësch, den Hollänner Wopke Hoekstra stellt awer direkt kloer, datt säi Land weiderhi géint Euro-Bonds ass, an datt dat och esou bleift.

De Sträit geet also virun, well datt sech déi Länner, déi sech vehement fir Euro-Bonds agesat hunn, elo einfach esou zefridde ginn, ass éischter net warscheinlech.

A fir op d'Ufanksfro zeréckzekommen: Wien huet sech duerchgesat? Alles an allem gesäit et op den éischte Bléck aus, wei wa sech déi, déi géint Corona-Bonds sinn an net dofir sinn, d'Konditioune méi lacker ze maachen, éischter an deem Text, deen hei decidéiert gouf, erëmfannen dierften.

Schwierege Message fir Italien

Et wäert duerno vill drop ukommen, wéi dat klengt Gedréckten interpretéiert gëtt. Et kéint net ganz einfach gi fir den Roberto Gualtieri dëse Pak doheem gutt ze verkafen. An dat kéint Konsequenzen hunn. Well an Italien fille sech vill Leit vun der EU am Stach gelooss.

Ech hat d'Geleeënheet mat engem italienesche Journalistekolleeg vu Milano ze schwätzen. Hie sot, Corona-Bonds wieren ee staarkt Symbol an Italien, an datt d'Leit op ee Message waarden, deen esou Obligatiounen op d'mannst an Aussiicht stellt.

Ob dat elo wierklech geschitt ass, ass zimmlech onkloer. An esou een ambigue Message ass eventuell net ganz einfach ze verkafen. D'Géigner vun de pro-europäeschen Kräfte wäerte probéieren, dat fir sech auszenotzen. A well mer wëssen, datt dëser Deeg an Italien eng ganz Partie iwwerzeegten Europäer hir Zweiwelen un der EU kruten, da wësse mer och, datt dat heite kéint dozou bäidroen, datt dee Camps nach weider wiisst.

De Bäitrag vum Stephan Polet lauschteren


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Mario Centeno
EU-Finanzministeren iwwer Corona-Kris

Wéi soll d'EU ekonomesch op d'Corona-Kris reagéieren? Doriwwer ginn d'Meenungen auserneen. Fir Sträit suergen déi sougenannte Corona-Bonds. Fir déi eng een Zeeche vu Solidaritéit, fir déi aner een ze grousse Risiko.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen