Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee positiivt Resultat fir de Präis vun engem VW Golf

Large-Scale-Testing

Ee positiivt Resultat fir de Präis vun engem VW Golf

De Large-Scale-Testing gëtt fir eng drëtt Phas verlängert. Den Infektiolog Gérard Schockmel zweiwelt awer staark um Notze vum breeden Testen, besonnesch par rapport zu den héije Käschten, an nennt den LST en Echec.

auto_stories

7 min

Ee vun de Problemer vum Large-Scale-Testing (LST) wier d'Frequenz vun den Invitatiounen, mengt de Gérard Schockmel, Infektiolog an den Hôpitaux Robert Schuman. An der éischter Phas wiere just d'Hallschent vun den Invitatiounen ugeholl ginn, dat hätt eng Auswäertung erginn.

All Resident wier deemno, statistesch gesinn, all éischte bis fënnefte Mount getest ginn. "Domat kann d'Ausbreedung vum Virus natierlech net verhënnert ginn", kritiséiert de Gérard Schockmel. Bei de Frontaliere war d'Participatioun mat just 22 Prozent nach méi niddereg. Statistesch gesi goufen déi also nach méi seele getest, seet de Gérard Schockmel.

Kritik un den Tester

Fir de Gérard Schockmel ass et och problematesch, datt et bis zu zwee Deeg dauere kann, bis datt ee Resultat vum Large-Scale-Testing virläit - iwwer de Weekend souguer dräi bis véier Deeg. An dëser Zäit wier et méiglech aner Leit unzestiechen, ouni dat ze wëssen.

Och d'Zorte vun den Tester gesäit de Gérard Schockmel kritesch: d'Sensibilitéit vum Ofstréch am Hals wier vill méi niddereg wéi deen an der Nues. Verschidde Studië géifen ausserdeem weisen, datt et beim Ofstréch am Hals bis zu 80 Prozent falsch negativ Resultater ginn. Duerch falsch negativ Resultater géif d'Iwwerdroe vum Virus awer favoriséiert ginn, gëtt de Gérard Schockmel ze bedenken.

Mee och wann d'Tester héich sensibel wieren, géifen et Problemer ginn: net jiddwereen, dee positiv getest gouf, wier nämlech ustiechend, betount den Infektiolog. Et wier deemno net sënnvoll, datt all Positiven, an all seng Kontakter, zéng Deeg missten a Quarantän goen. Dat géif zu onnéidegen Ausfäll op der Aarbecht féieren, seet de Gérard Schockmel. Enn November wieren eng 20.000 Leit an Isolement oder an der Quarantän gewiescht.

LST huet en Impakt op d'Capacitéit vun de Laboen

Am November an Dezember gouf et eng grouss Well vun Infektiounen a Stierffäll. De Gérard Schockmel seet, datt de Larce-Scale-Testing och a Kombinatioun mat engem partielle Lockdown net gehollef hätt, fir de komplette Lockdown am Dezember ze vermeiden.

Iwwer 80 Prozent vun de positive Fäll wieren net vum Large-Scale-Testing entdeckt ginn, seet de Gérard Schockmel. Déi regulär Tester an de Laboe wieren also eng gutt Basis fir déi epidemiologesch Situatioun, nei Varianten an d'Immunitéit an de Bevëlkerung am A ze halen. Och de Coronastep, d'Analys vun den Ofwässer vum LIST, géif heizou bäidroen.

Dës Tester wieren einfach ze maachen an och net deier. De Large-Scale-Testing géif awer vill Capacitéit vun de Laboe beusprochen.

D'Konkurrenz tëschent dem Large-Scale-Testing an de regulären Tester géif zu Retarde bei der Zoustellung vun de Resultater féieren an hätt och en Impakt op de Contract tracing, deen ënner Ëmstänn net méi korrekt gemaach kéint ginn, seet de Gérard Schockmel. Indirekt géif de Large-Scale-Testing deemno d'Verbreedung vum Virus favoriséieren, esou den Epidemiolog.

"De Large-Scale-Testing ass en Echec"

Et kéint een natierlech och preventiv an Alters- a Fleegeheemer oder och a Schoulen testen, seet de Gérard Schockmel, mee dat wier net d'Konzept vum Large-Scale-Testing, wat e grouss ugeluecht Zoufallsteste vu Risikosecteure queesch duerch d'Land wier.

Wa preventiivt an institutionellt Testen, sou wéi d'Testen op Antikierper als Deel vun der Strategie vum Large-Scale-Testing verkaf géif ginn, géif dat nëmmen dovunner oflenken, "datt den LST en Echec ass", kritiséiert de Gérard Schockmel.

Wann d'Inzidenz vun den Infektioune kleng an d'Zirkulatioun vum Virus niddereg ass, da géif de Large-Scale-Testing net vill bréngen, resuméiert den Infektiolog vum Hôpitaux Robert Schumann. Wann d'Inzidenz vun den Infektioune par konter grouss ass, da géif den LST vis-à-vis vun de regulären Tester net an d'Gewiicht falen, ëmsou méi, well de Contact tracing dann net méi no géif kommen.

Ee grousse Käschtenopwand

Et stellt sech also d'Fro vum Käschtenopwand vum Large-Scale-Testing. An der éischter Phas vum LST, déi 32 Milliounen Euro kascht huet, goufe bei 566.320 Tester 1.099 positiv Fäll entdeckt, de Contract tracing mat agerechent. Den Opwand, fir ee positive Fall ze entdecken, wier also ganz héich, seet de Virolog Jacques Kremer.

De Käschtepunkt fir d'Fanne vun engem positive Fall läit also bei 29.000 Euro. "De Präis vun engem neie VW Golf fir ee positive Covid-Test an der Phas 1", gëtt de Gérard Schockmel ze bedenken. Dat wier ëmsou méi schro, well keng Suen do wieren, fir an de Spideeler d'Sécherheet vun de Patienten duerch infektiologesch Expertis ze verbesseren.

De Gérard Schockmel fuerdert deemno en Dokter fir déi véier Spideeler, deen op Infektiounspreventioun a -kontroll spezialiséiert ass, an een, dee fir d'Behandlung vun Infektiounskrankheete spezialiséiert ass. Dat ass den Ament net de Fall.

Mam Budget, dee fir déi éischt zwou Phase vum Large-Scale-Testing zur Verfügung stoung- also 100 Milliounen Euro - hätten dës Poste fir 100 Joer bezuelt kënne ginn. Weider wier Lëtzebuerg da konform mat de Recommandatioune vum Europäeschen Zentrum fir Krankheetskontroll, seet de Gérard Schockmel.

Enn Januar gouf de Projet de loi fir déi drëtt Phas vum Large-Scale-Testing an der Chamber deposéiert. Heifir ass e Budget tëschent 42 a 64 Milliounen Euro virgesinn. Déi drëtt Phas soll Ufank Mäerz ufänken a bis mindestens Mëtt Juli daueren - mat der Optioun, e bis Mëtt September ze verlängeren. Domat géif de gesamte Käschtepunkt fir den LST op ronn 160 Milliounen Euro klammen.

Contact tracing méi effikass wéi LST

D'Auteure vum LST hunn an engem pre-print vun engem wëssenschaftlecher Paper d'Donnéeë vum Large-Scale-Testing analyséiert. Och hei ginn et Zweiwel vum Käschten-Notze-Facteur vum breeden Teste beim Beaflosse vun der Pandemie.

De Virolog Jacques Kremer mengt zwar, datt den LST verschidde Saachen erlaabt hätt, déi ouni de Large-Scale-Testing net méiglech gewiescht wieren, fir hie stellt sech awer d'Fro, a wéi engem Verhältnis dat zum Investissement steet.


De Bäitrag lauschterenplay_arrow


Fir erauszefannen, wéi de Virus regional verbreet ass, hätt et wuel keen LST gebraucht, dat hätt een och unhand vun de Resultater vum regulären Tester feststelle kënnen.

De Contact tracing wier vill méi effikass wéi Tester op Ordonnance oder de Large-Scale-Testing, wann et drëm geet fir Infektiounen ze detektéieren, esou de Virolog Jacques Kremer. Et wier fir hien "extrem sënnvoll" gewiescht, fir de Contact tracing auszewäiten, an d'Definitioun vun engem Kontakt net esou enk ze gesinn.

Fir de Jacques Kremer wier et och sënnvoll gewiescht do ze testen, wou kloer ass, datt de Virus present war oder ass. Domat hätt ee kéinten erméiglechen, datt verschidde Secteure méi laang hätte kënnen opbleiwen.

Ee vun de Constate vum wëssenschaftleche Paper hätten et ouni de Large-Scale-Testing an der zweeter Well 39 Prozent méi Infektioune ginn. Déi genee Berechnung, wéi d'Auteuren op dës Zuel kommen, gëtt am Paper net beschriwwen. "Do muss een dat esou hinhuelen, wann een dovunner ausgeet, datt déi Aarbecht seriö gemaach ass", seet de Jacques Kremer.

Et ass deemno net kloer, ob och déi Leit mat an d'Berechnungen agefloss sinn, déi Symptomer entwéckelt hunn, ier datt se e Resultat vum Large-Scale-Testing kritt hunn, an da warscheinlech souwisou bei den Dokter gaange wieren. An der Phas 1 vum LST waren dat ëmmerhi 67 Prozent vun de positive Fäll. De Jacques Kremer freet sech deemno, ob d'Zuel vun den 39 Prozent méi héijen Infektioune relativiséiere géif.