Politik "Ee monumentalen Defi"
Ob d'CSV sech bis zu den nächste Wale vun hirer Identitéitskris erhëlt, ass fir de Politolog Philippe Poirier nach net kloer. Eng Upassung un de gesellschaftleche Wandel an eng staark Perséinlechkeet als Spëtzekandidat(in) wieren dofir néideg. Fir d'Dräierkoalitioun géif ee weideren Echec vun der CSV bedeiten, datt se trotz hiren Divergenze weider kéint regéieren. A wichtege Beräicher ewéi der Steier- a Logementspolitik wieren d'DP, d'LSAP an déi gréng sech awer net eens.
A wichtege Beräicher ewéi der Steier- a Logementspolitik wieren d'DP, d'LSAP an déi gréng sech awer net eens, betount de Politikwëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg. Op der anerer Säit gëtt d'Krisegestioun vun der Regierung den Ament an de Sondagen éischter positiv bewäert. D'Fro wier, wéi d'Sortie aus der Kris geléngt, ugefaange mat der Impfcampagne:
"Wann et weiderhi Retarden am Verglach zu aneren EU-Länner gëtt, da wäert d'Popularitéit vun der Regierung ofrutschen."
"Appropriéiert institutionell Kommunikatioun"
D'Kommunikatioun vun der Regierung iwwer de Malaise vun der Gesondheetsministerin Paulette Lenert wier net geschéckt gewiescht. Natierlech misst hei d'Privatssphär vun der Ministerin respektéiert ginn. Mee et dierft een d'Bierger duerch spéit a späerlech Informatiounen net veronsécheren, mengt de Philippe Poirier:
"Eng Regierung muss d'Populatioun rassuréieren. Also brauch een eng besser Kommunikatioun ouni mam Fanger op déi kuerzzäiteg Schwächt vun der Ministerin ze weisen."
Jiddweree kéint mol extrem midd sinn oder ee Burn-out hunn an dowéinst eng Paus brauchen, esou nach de Philippe Poirier.
CSV brauch eng staark Perséinlechkeet
D'CSV wier zwar an der Oppositioun ukomm, mee hätt Schwieregkeete sech inhaltlech a personell un déi nei Realitéiten unzepassen, seet de Philippe Poirier. Datt eng Rei Deputéiert eng Justizenquête provozéiert hunn, wéinst dem Aarbechtsverhältnis tëscht dem President Frank Engel an enger partei-noer ASBL wier aussergewéinlech.
D'Situatioun géif awer och weisen, datt de legale Kader fir d'Parteistrukturen net kloer genuch wier - trotz Verbesserungen an de leschte Joren. Iwwerdeems misst ee sech serieux mat der Fro no enger Professionaliséierung vun der Politik ausernee setzen. Dat hätt och eppes mat der Qualitéit vun der Aarbecht ze dinn, déi Politiker solle kënne leeschten.
Neie President, nei Spëtzekandidatin?
De Claude Wiseler gëlt als Favorit fir d'Kandidatur als neien CSV-President, soll awer wéi et schéngt net fir d'Spëtzekandidatur bei de Chamberwahlen 2023 zur Verfügung stoen. Dat misst eng staark Perséinlechkeet sinn, seet de Philippe Poirier. Net just wéinst dem Lëtzebuerger Wahlsystem, dee staark persounebezunn funktionéiert. Hautdesdaags géife Parteien hir politesch Offer ronderëm eng Perséinlechkeet opbauen.
Mat der aktueller Fraktiounschefin Martine Hansen kéint d'CSV dem Politolog no eventuell Punkte sammelen. Dat well bis ewell keng aner Partei de Choix gemaach hätt fir eng Fra an d'Renne fir de Poste vun der Premierministerin ze schécken.
ADR: Virbild SVP?
Eng nei Dynamik kéint ee bei den nächste Wahlen eventuell vun der ADR erwaarden, mengt de Philippe Poirier. Dëst wann d'Partei ee Leader nom Virbild vum Schwäizer Christoph Blocher an deem senger nationalkonservativer a wirtschaftsliberaler SVP ervir bréngt. Hie wéisst net, ob de Fred Keup déi Roll wäert anhuelen. Kloer wier, datt der ADR esou eppes bis ewell nach net gelonge wier. Dobäi d'Enquêtë vun der Uni Lëtzebuerg géife weisen, datt een domadder potentiell 20 bis 25 Prozent vun de Wieler kéint iwwerzeegen.
D'Reprochë heefe sech, datt d'ADR déi sozial Medien notzt, fir politesch Stëmmung ze maachen oder och Haass ze provozéieren. D'Gesetzer géifen d'Limittë vun esou enger Kommunikatiounsstrategie definéieren, seet de Politolog. De genauen Impakt vun de soziale Medien op déi politesch Kultur, misst awer nach méi erfuerscht ginn, "well dat gehéiert elo zu eisem gesellschaftlechen an demokratesche Funktionnement".