Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rolling Blackouts Coastal Fever - The Way It Shatters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Mann, zwou Erausfuerderungen

Däitschland

Ee Mann, zwou Erausfuerderungen

Den Armin Laschet ass zanter dem leschte Weekend neien CDU-Chef. Am Waljoer 2021 stelle sech eng Rei Froen: wéi wäert hie se beäntwerten? A kritt hie säi Stempel opgedréckt?

auto_stories

3 min

Eelef Méint huet d'Saga gedauert: tëschenzäitlech huet et esou ausgesinn, wéi wa se nach eng ganz Zäitchen net op en Enn géif goen. Mee schlussendlech huet d'CDU dunn awer en digitale Parteidag op d'Been gestallt krut a sech mam Armin Laschet en neie Parteichef gewielt.

De Féierungsvakuum, an deem déi gréisst däitsch Partei zanter dem annoncéierte Réckzuch vun der Annegret Kramp-Karrenbauer am Februar lescht Joer war, huet sech opgeléist. Mee domat ginn déi grouss Froe gläichzäiteg och direkt nees un.

Op den Armin Laschet kommen zwou grouss Erausfuerderungen duer: op där enger Säit muss hien der Partei eng Linn opdrécken. An op där anerer Säit muss e sech personelle Froe stellen.

Well 2021 ass alt nees e Super-Waljoer an Däitschland. Schonn am Mäerz geet et mat Landtagswalen un, am Summer geet et domat weider an da kënnt den Hierscht: Bundestagswal an dräi Landtagswalen un engem Dag. Wat bedeit dat fir den neien CDU-Chef?

Vill Froen, wéineg Äntwerten

Kuerz no senger Wal huet den Armin Laschet schonn annoncéiert, bis am Hierscht op sengem Posten als Ministerpresident vu Nordrhein-Westfalen ze bleiwen. Dat war et awer dann och scho mat de kloren Aussoen.

Strieft hien no der Kanzlerkandidatur? Wann net, wëllt en an de Bundestag? Oder Minister? Vill Froen, bis elo keng Äntwerten.

Als CDU-Chef muss den Armin Laschet u sech no der Kanzlerkandidatur gräifen. Op d'mannst muss e sou maache wéi wann. D'Uniounsparteien CDU an CSU hu sech drop gëeenegt, eréischt no de Landtagswale vum Mäerz e Kanzlerkandidat ze bestëmmen. Favorit dierft allerdéngs, en vue vu sengen aktuelle Beléiftheetswäerter, den CSU-Chef Markus Söder sinn.

D'Personalfroe sinn awer just déi eng Erausfuerderung. Déi aner ass déi vun der Positionéierung vun der CDU.

Datt den Armin Laschet sech just extrem knapp virum Friedrich Merz duerchgesat huet, weist, wéi gespléckt d'Partei ass. No 16 Joer Merkel-Kanzlerschaft seene sech ëmmer méi CDUler no engem neie Wand - an deen dierft d'Partei mam Merkel-Verbündete Laschet éischter net kréien.

Kritt den neie Chef säi Stempel opgedréckt?

Den Armin Laschet wëllt, laut eegener Ausso, d'CDU weider als Partei vun der Mëtt etabléieren. Mee dat heescht eben alles an näischt.

Am Endeffekt bedeit et just, datt d'CDU mat all aner Partei an d'Gespréich ka kommen, mat Ausnam vun AfD a Lénkspartei. Wierklech vill géif sech domat awer zur aktueller Situatioun net änneren. An et wier just eng Fro vun der Zäit - oder vu schlechte Walresultater - bis den neie Parteichef nees an der Kritik steet.

Wann ee béid Erausfuerderungen zesumme betruecht, deit sech eng duerchaus schwiereg Zäit fir den Armin Laschet un.

Wa sech aus der Féierungszäit vu senger Virgängerin awer eppes ofliese léisst, dann dëst: et geet net duer, an der Vicinitéit vun der Kanzlerin ze schwammen. Den Armin Laschet muss der CDU säi Stempel opdrécken.