Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Joer nom Tornado

Naturkatastroph

Ee Joer nom Tornado

E Sonndeg gëtt et e Joer, datt en Tornado virun allem an de Gemenge Käerjeng a Péiteng grousse Materialschued ugeriicht huet. "Haut hu mir en Noutfallplang am Tirang, fir wa sech esou eng Situatioun géif widderhuelen", seet de Péitenger CSV-Buergermeeschter Pierre Mellina.

auto_stories

2 min

De Pierre Mellina (CSV) ass Buergermeeschter vu Péiteng

Virun engem Joer nach, gouf et keen Noutfallplang - et huet misse séier reagéiert ginn. Et wier e Wonner, datt deemools kee Mënsch zu Schued komm ass, esou de Pierre Mellina. De Materialschued ass esou weit gefléckt, och wann d'Suen nach net all verdeelt sinn.

Spende goufen nach net all verdeelt

Déi eng Millioun Euro, déi privat gesammelt goufen, sinn nach net ganz ënner de Leit verdeelt ginn, seet de Pierre Mellina. Momentan wiere 650.000 Euro verdeelt ginn, mee et géifen nach eng Rei Dossiere ginn, déi nach net ofgeschloss sinn.

D'Familljeministerin Corinne Cahen hätt dem Péitenger Buergermeeschter viru kuerzem confirméiert, datt nach aacht Dossieren nach traitéiert misste ginn, hei misst een nach op verschidde Pièce waarden. 36 Dossiere géifen nach op der Gemeng leien. "Wann déi ofgeschloss sinn, da wäerte mer ongeféier 975.000 Euro verdeelt hunn", esou de Pierre Mellina.

De Buergermeeschter vu Péiteng geet dovunner aus, datt d'Leit d'Schied vum Stuerm da bezuelt hätten, ausser wa si hire Schued net gemellt hunn. Déi Solidaritéit ënner de Gemengen an ënner de Bierger wier awer eng grouss Hëllef gewiescht, seet de Pierre Mellina. Alles an allem gouf eng Millioun Euro gesammelt. "Dat ass scho ganz vill gewiescht."

All d'Haiser kënne restauréiert ginn

An der Gemeng Péiteng waren nom Tornado 30 Haiser guer net méi bewunnbar. Si sinn ëmmer nach laang all gefléckt: eréischt sechs wieren der erëm bewunnbar, seet de Buergermeeschter vu Péiteng. Bei siwe wieren nach Transformatioune gemaach ginn, an anerer kruten duerch d'Corona-Kris Retard.

Alleguer d'Haiser kéinten awer restauréiert ginn, bis op ee Gemengenhaus, mee dat hätt ee souwisou wéilten ofrappen. "Mir wollten do net méi investéieren, ier mer en neie Projet op där Plaz maachen", preziséiert de Pierre Mellina.