arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Joer no Hanau: Rassismus an Däitschland

Gesellschaft

|
reading time

3 min

Ee Joer no Hanau: Rassismus an Däitschland

Däitschland gedenkt haut den Affer, déi virun genee engem Joer bei enger rietsextremer Terrorattack zu Hanau ëmbruecht goufen. No der Attack war vill vun Zäsur ze héieren, datt een de Problem Rassismus endlech méi staark adresséieren muss. D'Hannerbliwwen vun den Affer fillen sech awer weiderhin mat hiren Froen an Suergen eleng gelooss, seet eisen Korrespondent zu Berlin.

reading time

3 min

Néng Persounen sinn dout well een däitschen Rassist si zur Projektiounsfläch fir säin Haass gemaach huet. Cibléiert an erschoss, well hien si fir Auslänner gehalen huet. Genee een Joer läit dës grujeleg Dot zu Hanau zeréck an nach ëmmer bléiwen vill Froen onbeäntwert. Virun allem fir déi Hannerbliwwen vun den Affer, déi sech mat hirer Ongewëssheet eleng gelooss fillen. "Ech empfannen Trauer, Roserei awer virun allem kann ech net net faassen" seet d'Ajla Kurtović, déi hiren Brudder Hamza duerch d'Attack verluer huet, der "Tagessschau". E ganzt Joer wier vergaangen an et hätt een quasi keng Zäit gehat fir ze traueren, well een dagdeeglech domadder beschäftegt wier Äntwerten op d'Froen ze fannen. E Gefill, dat och aner Hannerbliwwen an de leschten Deeg geäussert hunn.

Den Attentäter hat sech no der Attack erschoss, Äntwerten kënnen nëmmen nach d'Autoritéiten liwweren. Zum Beispill firwat den Täter vun engem Tatort op den nächsten fueren konnt, ouni datt d'Police intervenéiert huet. Firwat an där Nuecht sou gutt wéi keen Noutruff bei der Police ukoum. Firwat een Rassist mat enger paranoider Schizophrenie Waffen dierf besëtzen. Ob d'Dot villäicht hätt kéinten verhënnert ginn. Vun offizieller Säit kruten d'Hannerbliwwen meeschtens just matgedeelt, datt een sech net äusseren kann, well d'Ermëttlungen nach lafen. Fir d'Hannerbliwwen ass d'Welt awer den 19ten Februar 2020 stoe bliwwen, seet d'Ajla Kurtović.

En Zäsurmoment

D'Attack zu Hanau war e Schockmoment fir dat ganzt Land, séier war vun engem Zäsurmoment am Ëmgang mat Rassismus ze héieren. E Mount dono sollt awer eng Pandemie d'Thema op der politescher Agenda no hanne réckele loossen. D'Bundesregierung huet leschten Dezember zwar 89 Mesuren géint Rietsextremismus an Diskriminéierung decidéiert, déi lo sollen ëmgesat ginn, mee den Veräin DeutschPlus huet dës als "Sammelsurium u Mesuren" bezeechent, déi éischter demonstréieren, datt et keng kloer Gesamtstrategie an der Lutte géint de Rassismus gëtt.

Hanau als Resultat vun engem strukturelle Probleem

Dës guttgelaunten, mee schlechtgeplangte Politik ass wuel och d'Resultat vun engem gesellschaftleche Mindset, deen de Probleem Rassismus an senger ganzer Komplexitéit nach net genuch duerchbléckt oder d'Aen virdrun verschléisst. D'Bundeskonferenz der Migrationsorganisationen sot virun zwee Deeg "an der Bundesrepublik leide mer ënner enger selektiver Memoire, wat d'Leed vu ganzen Mënschegruppen ugeet". Hanau, dat ass eben net d'Dot vun enger Eenzelpersoun, mee d'Resultat vun engem strukturellen Probleem deen an der Mëtt vun der Gesellschaft ufänkt an och hei adresséiert muss ginn. Rassismus fänkt eben net do un wou Léit stierwen oder blesséiert ginn, an en hält och net do op. D'Chronologie vum rietsextremen Terror ass och d'Chronologie vun engem gesellschaftlechen a politeschen Versoen.

Eng Aufgab fir d'Ganz Gesellschaft

De Robert Erkan huet sech als Opferbeauftragter vun der Staat Hanau ëm d'Hannerbliwwen vun den Affer gekëmmert. Der "SZ" seet hien, hie wier dacks gefrot ginn, wéi et de Betraffene géif goen. Dobäi géif et déi Betraffe guer net ginn, et wieren ënnerschiddlech Persounen, déi doduerch verbonnen sinn, datt een Rassist e Mënsch aus hirem Liewe gerappt huet. Déi Betraffen dierft et och net ginn, well esou Doten jiddereen betraff maache sollten.