Radioen

On air

Resonanzen  |  Jõao Pedro de Almeida Mota - Sträichquartett Nr.2 a Ré Mineur, Op. 6, IV. Finale - Cuarteto Quiroga

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Educatiounsministère: Audit confirméiert Probleemer beim Science Center

Gesellschaft

Educatiounsministère: Audit confirméiert Probleemer beim Science Center

Den Audit iwwert de Fonctionnement vum Science Center géif weisen, datt et Gewurschtels am Wëssenschaftszenter zu Déifferdeng gouf. Dat seet den Educatiounsministère no der Presentatioun vum Audit deen d'Insepction générale des finances déi lescht puer Méint gemaach huet.

auto_stories

3 min

Den Zenter dee wëssenschaftlech Experienzen ubitt, ass wéinst enger ontransparenter Gouvernance an enger Verflechtung tëscht der ASBL an enger Privatfirma GGM11 an d'Schlagzeile geroden. Den Donneschdeg krut d'Chamber d'Analys vun der IGF zum Deel presentéiert. Fir weider vun enger Konventioun mam Ministère ze profitéiere muss de Wëssenschaftszentrum elo eng Partie Konditiounen erfëllen.

Den Educatiounsministère fuerdert eng kloer Trennung tëschent der ASBL Science Center an der privater Firma GGM11 a keng Plaz méi fir Interessekonflikter. Deemno dierf d'Firma keng Opträg méi vum LSC kréien, soulaang den aktuellen Direkter Nicolas Didier Member vum Verwaltungsrot ass, esou de Lex Folscheidt aus dem Educatiounsministère.

Et kéint net sinn:

"Datt een op der enger Säit President vun enger ASBL ass, an op der anerer Säit Salarié ass vun der selwechter ASBL an da ka Besëtzer si vun enger kommerzieller Struktur déi Opträg kritt vun där ASBL an dann och nach Beneficiaire si vun där Struktur. Dat sinn alles Vermëschunge vu Rollen déi an Zukunft net méi dierfe sinn."

Ännerungen un der Gouvernance an um Fonctionnement vum LSC

D'Aktivitéiten déi d'Firma GGM11 bis ewell fir de Science Center iwwerholl huet sollen an Zukunft intern gemaach ginn an net méi geoutsourced ginn. Weider gesäit de Memorandum of Understanding vir, datt zwee Vertrieder vum Staat Member am Verwaltungsrot ginn. Et géif ëm d'Vertrauen an eng Struktur an net ëm d'Vertrauen an eng Persoun goen, esou nach de Lex Folscheidt op d'Fro, ob den Nicolas Didier weiderhin Direkter ka bleiwen.

De Staat misst garantéieren, datt net eng Persoun eleng d'Schicksal vun enger Asbl oder enger Aktivitéit kéint bestëmmen an datt d'Reegelen agehale ginn.

"A wann dann eng ASBL decidéiert datt déi Persoun weider am Verwaltungsrot ka sinn, da steet et eis als Staat net zou fir ze soe jo oder nee. Ech well hei net de Mann mee de Ball spillen. Eis geet et drëms déi Aktivitéit oprecht ze erhalen."

Méiglech juristesch Suitten net ausgeschloss

D'Affär kann awer och nach juristesch Suitte kréien: Souwuel den Educatiounsministère wéi och de Mëttelstandsministère hu schonn eng Denonciatioun beim Parquet gemaach, well de Verdacht besteet, datt déi kommerziell Firma GGM11 keng autorisation d'établissement méi huet an awer nach Aktivitéiten duerchgefouert huet, déi iwwer de Science Center fakturéiert goufen.

14 Deeg huet den LSC elo Zäit fir sech Gedanken iwwert de proposéierten accord de principe ze maachen, esou nach de Lex Folscheidt. Den héije Beamten aus dem Educatiounsministère hofft, datt een Ufank Juni scho kann eng nei Konventioun verhandelen. Am "onprobale Fall" wou et keen Accord tëschent béiden Entitéite gëtt, misst de Ministère en anere Wee fanne fir e Science Center op d'Been ze stellen.

Am Dezember d'lescht Joer hat den Educatiounsminister Claude Mesch d'Finanzinspektioun mat engem Audit vum Wëssenschaftszentrum beoptraagt. Am Abrëll dëst Joer gouf d'Konventioun mam Science Center gekënnegt. Grond fir déi Kënnegung sinn Onstëmmegkeete mam Direkter Nicolas Didier vum Luxembourg Science. Hie selwer ass Direkter a President vun där ASBL, an och de Responsabele vun der Firma GGM11, déi exklusiv fir de Luxembourg Science Center schafft.