Fir ee gudden Oflaf vun den Examen ze garantéieren, soll den Trimester-System duerch Semesteren ersat ginn. Des weidere ginn d'Reegele ronderëm d'Droe vum Mask harmoniséiert: all Schüler soll deemno seng Mask unhunn, bis e sëtzt oder eng Sportsaktivitéit ufänkt, mat Ausnam vum Cycle 1.
De Ministère huet och matgedeelt, datt weider 70 Leit forméiert goufen, fir an de mobillen Ekippen an de Schoule Covid-Tester ze maachen. Bis Mëtt nächster Woch sollen déi mobil Test-Ekippen doduerch d'Kapazitéit hunn, fir tëscht 7 an 800 Schüler an Enseignanten den Dag ze testen.
D'CSV begréisst déi nei Mesuren fir de Schoulberäich. Allerdéngs hätt déi gréissten Oppositiounspartei sech méi streng Mesure bei der Maskeflicht gewënscht esou d'Martine Hansen op Nofro hin. Et géifen och nach vill Froen opbleiwen wat déi parascolaire Aktivitéiten ugeet. Hei géifen et keng kloer Reegele ginn bedauert d'CSV. Net zefridden ass déi gréissten Oppositiounspartei iwwert d' Ausso vum Claude Meisch.
"De Minister sot d'Opdeelung an de Gruppen A a B géif elo eréischt Sënn maachen, well mir elo en deelweise Lockdown hätten. Well virdrun hätt en et net gemaach, well et jo kee Sënn mécht A a B Gruppen ze maachen wa gläichzäiteg d'Schüler duerno hier Premiere géifen an den M-Club feiere goen. An dat hunn ech e staarkt Stéck fonnt. Well éischtens mengen ech och elo wou mir keng strikt Mesuren hunn, geet een net an den M-Club eng Premiere feieren. An zweetens ënnerstellt een de Schüler datt Si sech net un d'Reegelen halen."