Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech wëll mech eraushalen"

Lëtzebuergerin am Chile

"Ech wëll mech eraushalen"

Zanter zwou Woche ginn am Chile Dag vir Dag Zéngdausende vu Leit op d'Strooss, fir hirer Roserei iwwer déi sozial Ongerechtegkeeten am Land Loft ze maachen. De President Piñera huet reagéiert: hien huet eng Regierungs-Ëmbildung a Reformen ugekënnegt.

auto_stories

4 min

D'Onrouen am Chile gi virun. Déi chilenesch Regierung huet iwwerraschend den UNO-Klimasommet, deen am Dezember an der Haaptstad Santiago sollt sinn, ofgesot: ënner den aktuellen Ëmstänn wier d'Land net an der Lag, esou eng grouss Konferenz ze organiséieren.

De Sebastián Piñera (Mëtt) bei der Annonce, datt den UNO-Klimasommet net am Chile wäert stattfannen. Foto: Sebastian Beltran Gaete/picture alliance / Photoshot

D'Hannah Fautsch ass eng Lëtzebuerger Studentin, déi als Kand schonn am Chile gelieft huet an elo fir sechs Méint zeréck op Santiago gaangen ass. Wéi erlieft si déi ablécklech Situatioun?

Rahel Könen: Wéi huet sech Äert Liewen dohannen an de leschte Wochen duerch d'Protester verännert?

Hannah Fautsch: Am Moment ass et eben esou, datt et ganz schwéier ass vun A op B ze kommen. Den ëffentlechen Transport, virun allem zu Santiago, funktionéiert bal net. Och well d'Metrosstatiounen zou sinn, datt d'Stroossen op ville Platze gespaart goufen, well d'Camionschauffere protestéiert hunn zum Beispill. Doduerch huet sech natierlech d'Situatioun och weider ugespaant.

Well och vill Saachen dann net méi an d'Stied komm sinn. D'Leit konnten dann och net méi fort. Dat heescht, do muss een dann natierlech soen, datt d'ëffentlech Transporter, virun allem zu Santiago, eben eppes ganz Wichteges si fir d'Leit, a wann dat ausfält, da spiert een dat natierlech och.

Bei den Demonstratiounen ass et jo och zu méi schwéiere Gewaltvirfäll komm. Ass dat eng Gefor, déi ee sech als Awunner am Alldag bewosst ass?

Ob jiddwerfalls. Virun allem elo aus menger eegener Perspektiv, wat ech sou materlieft hunn, doduerch datt ech eben och reegelméisseg op d'Uni fueren. Op ville Plaze war et zu schwéiere Saache komm an och an de Metrosstatiounen, wou och deelweis Leit dra waren, déi just op hirem Heemwee waren. Wat een eben och hat, dat war, wéi mir an der Stad ënnerwee waren, datt mir an eng Wollek vun Tréinegas komm sinn, vun där mir näischt woussten. A sou Saache geschéien natierlech.

Zu Osorno am Chile koum et zu Gewaltausbréch. Foto: Fernando Lavoz/NurPhoto/picture alliance

Ech wunnen an engem relativ séchere Quartier, mee et ginn einfach Plazen, wou et net ka séchergestallt ginn, datt een net onbedéngt an esou Saache geréit, dat heescht, do muss een ëmmer gutt oppassen.

Wéi e Rôle spillt d'Police op de Stroossen? Spiert Dir Iech sécher?

D'Police ass jiddwerfalls present. D'Militär war och elo eng laang Zäit present. Doduerch, datt mir och Ausgangsspären haten, huet een natierlech gemierkt, datt d'Police ganz opmierksam war an eben och géint de Protest virgaangen ass. Deelweis fir ebe Sécherheet ze assuréieren, an deelweis fir d'Leit ofzehalen, datt si zum Beispill d'Geschäfter plëmmen a sou Saachen. Wat ebe leider och ganz dacks virkomm ass. Mee, ob ee sech sécher spiert, kënnt ganz drop un, wou een natierlech grad ass.

Wéi stitt Dir selwer zu den Demonstratiounen? Halt Dir Iech léiwer am Hannergrond oder sidd Dir scho selwer mat op d'Strooss gaange fir ze protestéieren?

Ech perséinlech hale mech do ganz zeréck. Ech versti ganz gutt, wat de Leit hir Beweeggrënn sinn. Natierlech och well d'Situatioun hei am Chile eng ganz komplizéiert ass. Doduerch, datt vill vun der Politik och ganz kritesch gesi gëtt.

Iwwer eng Millioun Leit hunn zu Santiago de Chile demonstréiert. Foto: Javier Barrera/NurPhoto/picture alliance

Ech sinn deelweis a Protestaktioune geroden, doduerch, datt een eben dann heiansdo um Heemwee ass oder sou. Mee selwer mat protestéieren, maachen ech net. Och doduerch, datt ech am Konsulat am Moment schaffen, do wëll ech mech gären eraushalen natierlech.

Wat soen dann d'Chilenen, mat deenen Dir dohannen ze dinn hutt, iwwer déi momentan Situatioun?

Doduerch, datt ech hei opgewuess sinn, kennen ech ganz vill verschidde Leit, mat ganz vill verschiddenen Hannergrënn. Am Moment ass et esou, datt ganz vill Studenten hanner de Protester stinn an och gäre matginn an eben och hir Meenung zum Ausdrock bréngen. Well dat eben och méiglech ass.

Vill vun der eelerer Generatioun an och Leit, déi deelweis de Piñera gewielt hunn, sinn natierlech ganz staark géint d'Protester. Déi wënsche sech dann och deelweis eng Situatioun, déi bësse méi berouegt ass, wou d'Leit da méi friddlech demonstréieren.