Radioen

On air

Tockcity  |  Nas & DJ Premier - Define My Name

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech wäert deemnächst eng kloer Decisioun huelen"

Affär Gaardenhaischen

"Ech wäert deemnächst eng kloer Decisioun huelen"

De Roberto Traversini wëllt verschidde vu senge Mandater a Syndikater a Veräiner ofginn. Eng kloer Decisioun wéilt hien "zimlech kuerzfristeg" treffen. Hie schléisst net aus, eent vu senge politesche Mandater ofzeginn. Dem Buergermeeschter vun Déifferdeng gëtt virgeheit, Aarbechten ouni déi néideg Autorisatioune maache a Gemengeservicer fir privat Zwecker schaffe gelooss ze hunn.

auto_stories

2 min

De Moment géif de Roberto Traversini tëschent 14 a 16 Stonnen den Dag schaffen. "Dat geet einfach net", seet den Buergermeeschter vun Déifferdeng. Sou géife Saache virkommen, déi een als Aussestoender net kéint verstoen an de Kapp géif rëselen.

De Roberto Traversini wëllt seng Konsequenzen zéien: "Ech muss ufänke mech ze schounen, meng Famill ze schounen". Déi duebel Belaaschtung vu politeschen Ämter a Verwaltungsréit géif ze vill ginn an hie wéilt dowéinst "méi kuerz trëppelen".

Eng Zukunft an der Politik?

Wéi ee Mandat hie wéilt ofginn, konnt de Roberto Traversini awer nach net soen. "Ech wäert déi nächst Wochen a Méint eng Decisioun huele vun all deenen Ämter, wat ech soll weider maachen a wat net an da wäert ech Bescheed soen." Hie géif net ausschléissen, datt hien ee vu senge politesche Mandater kéint ofginn. "Ech ka mer de Moment alles virstellen", seet hien.


Déi zentral Aussoe vum Roberto Traversiniplay_arrow


Op d'Fro, ob hien awer weider an der Politik bleiwe wéilt, äntwert de Roberto Traversini no enger längerer Paus. "Ech wëll weider an der Politik bleiwen, mee ech muss och ufänken no mir ze kucken."

De Roberto Traversini ass grénge Buergermeeschter zu Déifferdeng an Deputéierten an der Chamber.