Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech sinn och Kandidat fir Administrateur bei ArcelorMittal ze ginn"

Henri Grethen

"Ech sinn och Kandidat fir Administrateur bei ArcelorMittal ze ginn"

Den Henri Grethen weist sech interesséiert um Poste vum Vertrieder vun der Regierung am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal: "Ech sinn och Kandidat fir Administrateur bei ArcelorMittal ze ginn", esou de fréieren DP-Wirtschaftsminister a fréiere Lëtzebuerger Member beim Europäesche Rechnungshaff.

auto_stories

3 min

Den Henri Grethen an eiser Sendung Riicht Eraus

Wann een him dëse Poste géif proposéieren, da wier hien och Kandidat dofir, huet den Henri Grethen gesot. Seng Cooling-off-Period géif d'Stolindustrie net concernéieren, huet hie gesot an huet domat op d'Méiglechkeet ugespillt, datt den Nach-Wirtschaftsminister Etienne Schneider dem Jeannot Krecké säin Nofollger am ArcelorMittal-Conseil kéint ginn.

Den Nach-Wirtschaftsminister Etienne Schneider hat den 23. Dezember gesot, hien hätt keng Verhandlunge mam Laksmi Mittal geféiert fir an de Verwaltungsrot vum Stolkonzern ArcelorMittal ze wiesselen. Den Etienne Schneider hat awer och däitlech gemaach, datt et ausser him kee géif ginn, deen d'Interesse vum Lëtzebuerger Staat op dësem Poste besser kéint vertrieden, wann de Jeannot Krecké aus dem ArcelorMittal-Verwaltungsrot géif demissionéieren.

Kritik vum Henri Grethen um Etienne Schneider

Datt de Vize-Premier wéi ugekënnegt de 4. Februar aus der Regierung wëllt demissionéieren, géif hien net gutt fannen, huet den Henri Grethen och gesot. "Wann hie mech gefrot hätt, dann hätt ech him gesot, hie soll dat net maachen", esou de fréieren DP-Politiker.

Den Henri Grethen rechent net mat Changementer un der Regierungspolitik duerch déi béid nei Vize-Premieren Dan Kersch a François Bausch, déi fréier politesch wäit lénks verankert waren. "Ech ginn dovun aus, datt déi dräi Parteien, déi schonn zanter sechs Joer zesummeschaffen, sech un de Koalitiounsvertrag halen", esou de fréiere Wirtschafts- an Transportminister.

Mitigéiert Gefiller beim gratis ëffentlechen Transport

Hie wéist net, ob vill méi Leit mat Zuch, Bus an Tram fueren, wann dës Offer den 1. Mäerz gratis gëtt, esou den Henri Grethen. Dës Mesure geséich gutt aus, mee hie géif sech froen, ob d'Capacitéiten am ëffentlechen Transport grouss genuch sinn, esou de fréiere liberale Politiker, dee vun 1999 bis 2004 Wirtschafts- an Transportminister war.

De gratis ëffentlechen Transport wier senger Meenung no souwuel eng Ëmwelt-Moossnam wéi och eng sozial Mesure.

Henri Grethen: war 2013 gefrot gi fir Informateur ze ginn

No de Chamberswalen 2013 war den Henri Grethen ee vun deenen DP-Politiker, déi léiwer eng CSV-DP-Regierung gesinn hätten, huet hie confirméiert. D'Demokratesch Partei hat sech deemools fir eng Dräierkoalitioun zesumme mat der LSAP an deene Gréngen decidéiert. "Ech ka just feststellen, ech hat onrecht, si hate Recht, et ass gutt ausgaangen", esou haut den Henri Grethen.

Hie wier no de Walen 2013 gefrot gi fir Informateur ze ginn. Seng Parteikolleegen hätten awer doru gezweiwelt, ob den Henri Grethen dat mat där néideger Objektivitéit hätt kënne maachen.

1980 war den Henri Grethen DP-Generalsekretär ginn. Laang Jore war hien och DP-Fraktiounschef. Vun 2008 bis Enn 2019 war de fréiere Politiker de Lëtzebuerger Member beim Europäesche Rechnungshaff um Kierchbierg. Seng Nofollgerin op dësem Posten ass déi fréier DP-Deputéiert Joëlle Elvinger.