Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hu mech ni fir eng Lëscht interesséiert"

Chamberwahlen 2018

"Ech hu mech ni fir eng Lëscht interesséiert"

Op der Lëscht vun der Partei Demokratie sinn eng ganz Partie Leit déi soen, si hätten hiren Accord ni ginn, fir Kandidat ze ginn. D'Initiativ, déi eng Lëscht am Süden an am Zentrum deponéiert huet, kritt Manipulatioun virgeheit. Verschidde Betraffener soen, si hätten eng Plainte gemaach.

auto_stories

3 min

De Méindeg gouf bekannt, datt eng ganz Rei vun den 23 Kandidaten, déi bei Demokratie op der Süd-Lëscht stinn, eegenen Aussoen no guer net bei de Chamberwahle wëlle matmaachen. Een dovun ass de Louis Speidel vu Bouneweg. Datt hie kandidéiert gouf hien den Dënschdeg de Moie vun engem Kolleeg gewuer.

"Ech war ganz erstaunt, wéi d'Kolleege mir gesot hunn, ech wier do op der Lëscht. Ech hu mech ni fir eng Lëscht interesséiert. Dat ass egal wat."

De Louis Speidel erkläert, datt hie sech iwwerrumpelt gefillt hätt an net wierklech doriwwer opgekläert gi wier, wat hien do géif ënnerschreiwen.

"Eng Fra an e Mann sinn owes op mech a mäi Jong duerkomm. Ech hu geduecht et wier eng Petitiounslëscht (...) op där ech do géif ënnerschreiwen."

Dräi Leit sollen eng Plainte gemaach hunn

Och de Marc Dax vu Bieles gouf aus der Press gewuer, datt hien op der Lëscht vun Demokratie am Süde steet.

"Wat nach méi traureg ass, dat ass, datt och Nopere vu mir op dëser Lëscht am Süde stinn, déi bis elo nach net wëssen, datt si op deene Lëschten drop stinn. Ech hu mat dräi Leit Kontakt gehat, déi eng Plainte bei der Police deposéiert hunn, an déi juristesch wëllen aktiv gi fir vun der Lëscht erofzekommen."

Wat allerdéngs net esou einfach wäert ginn. Well zanter der leschter Woch sinn d'Wahllëschte vun de Bezierksgeriichter am Süden an Zentrum arrêtéiert an d'Wahlziedelen si bestallt. Dem Wahlgesetz no kann ee sech zwar vun enger Kandidatelëscht sträiche loossen, allerdéngs éier dës deponéiert ass.

Sonja Holper: "Entretiene mat Kandidate goufe gewëssenhaft gemaach"

D'Spëtzekandidatin am Zentrum, d'Sonja Holper ass hirersäits iwwerzeegt, datt déi Leit, déi elo op der Kandidatelëschte stinn, opgekläert goufen. Si geet net dovun aus, datt d'Lëscht kéint a Fro gestallt ginn.

"Ech ginn den Owend perséinlech dohin a kucke wat do lass ass. Wann do wierklech e Mëssverständnis war vun de Kandidaten, da gëtt dee selbstverständlech behuewen. Ech sinn awer iwwerzeegt, datt déi Leit opgekläert gi sinn, ëm wat et geet. Déi Leit, déi déi Entretiene gemaach hunn, hunn dat och gewëssenhaft gemaach an de betraffene Leit erlärt, datt et géif drëms goen, fir op eng Lëscht ze goen."

Kritik vun etabléierte politesche Parteien

An der Tëschenzäit ginn et och politesch Reaktiounen zum Thema: de Max Hahn vun der DP schreift op Facebook et wier "dégoutant", "fir eeler Leit hanner d'Liicht ze féieren a vun hirer Guttgleewegkeet ze profitéieren". Den LSAP-Deputéierten Alex Bodry schwätzt vun engem "Verdacht op Bedruch" an och de Sven Clement vun der Piratepartei kritiséiert d'Virgoe vun der Initiativ Demokratie op de soziale Medien.

Ufank August hat déi initial Biergerinitiativ Demokratie 2018 sech wéinst interne Streidereie gespléckt. Entstane sinn zwee verschidde Mouvementer. Op där enger Säit gëtt et d'Partei Fräi Wieler ëm de Lee-Michel Bassegio. Op der anerer Säit gëtt et de Grupp Demokratie, dee vun der Spëtzekandidatin am Zentrum, dem Sonja Holper geleet gëtt an déi am Süden an Zentrum, Kandidatelëschten ofginn huet.

Demokratie zitt Lëschten zeréck

En Dënschdeg den Owend huet Demokratie an engem Pressecommuniqué matgedeelt, datt si d'Wahllëschten am Süden an am Zentrum "opgrond vun der verfuerener Situatioun" wéilt zeréckzéien. Et wéilt een "näischt erzwéngen" an et géif een den "Asaz fir eng gutt Saach" als "gescheitert" ugesinn.


Lauschterenplay_arrow