Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Fourth Wall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hat net d'Gefill, datt dee Mann a Bedrängnis wier"

Piratepartei

"Ech hat net d'Gefill, datt dee Mann a Bedrängnis wier"

Ee Mataarbechter vun de Piraten - dee kee Problem domat hat, mam Numm genannt ze ginn - huet Enn der leschter Woch, am Online-Magazin reporter.lu, déi schlecht Stëmmung an der Partei kritiséiert, an an deem Kontext besonnesch zwee exponéiert Vertrieder vun de Pirate schaarf attackéiert. De Generalsekretär an Deputéierte Marc Goergen, deem hie Mobbing virgehäit, an den Europa-Wahlkandidat Daniel Frères, dee mam Thema Déiereschutz seng eegen, mat kengem ofgeschwate Campagne géif maachen.

auto_stories

3 min

D'Marie-Paule Dondelinger, Co-Spriecherin (also Co-Presidentin) vun de Piraten, huet de Méindeg Moien am 100,7-Interview sou op déi Aussoe vum Partei-Mataarbechter reagéiert.

"Wat soll een do soen? Mir waren immens iwwerrascht iwwer deen Artikel. Wann deen Här sech effektiv esou fillt, wéi hien dat duerstellt, dann ass dat eng zimlech Katastrof. Ech hu reegelméisseg Kontakt mat deem Mann, aarbechtsméisseg. Ech hat net d'Gefill, datt dee Mann esou a Bedrängnis wier, ech wéisst och net firwat."

Themeschwéierpunkten hu sech verännert

D'Thema Déiereschutz ass ganz staark present an der Campagne vun de Pirate fir d'Europawahlen. An dat ass haaptsächlech engem Kandidat op der Lëscht zouzeschreiwen, dee sech ganz staark mat deem Thema probéiert ze profiléieren.

D'Pirate wiere ufanks net mam Sujet Déiereschutz grouss gi sinn, mee si ass aus dem Thema Dateschutz erausgewuess. Fräien Internet an Transparenz wieren nach ëmmer wichteg Sujete fir d'Piratepartei, awer net méi déi eenzeg. "Well mir gesinn, datt mir e groussen Demokratiedefizit hunn an Europa, am eegene Land, vläicht souguer weltwäit ... an och do e flotte Programm hu mat resolute Conclusiounen, déi mir ganz gär géifen duerchsetzen. An déi mir och gäre géife mat anere Parteien, déi sech un eis inspiréieren duerchsetzen, wann déi dann och Wëlles sinn, dee Schratt matzegoe beim Ëmsetzen."

Entscheedung iwwer Zesummenaarbecht tëschent PiD a Piratepartei no Europawahlen

No den Europawahle wëllen d'Piraten a Gespréicher mat der PID, der Partei fir integral Demokratie, klären, ob a wa jo, a wéi enger Form si an Zukunft weider wëllen zesummeschaffen, esou d'Marie-Paule Dondelinger, Co-Spriecherin (also am Fong Co-Presidentin) vun de Piraten, déi aus der PiD kënnt, an um Site vun der PiD och nach ëmmer ass Presse-Attachée vun där Partei geféiert gëtt. Am Fréijoer d'lescht Joer haten déi zwou Parteien decidéiert, mat gemeinsame Lëschten an d'Chamber- an Europawahlen ze goen. A fir d'Marie-Paule Dondelinger soll déi Kooperatioun och net de 26. Mee op en Enn goen.

"Ech denke schonn, datt mir e Wee fannen zur Zesummenaarbecht, well dat wier fir jiddwereen (denken ech) richteg an och gutt. Vu que datt mir Programm-méisseg bis vläicht op e puer Detailer op enger Schinn leien, an och um mënschleche Plang u sech gutt eens gi mateneen. An ech denken, do sinn Opportunitéiten. Ech wëll awer elo net hei virun de Won sprangen, éier mir intern am Detail déi dote Saachen ebe gekläert hunn."