Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech gleewen net, datt mir de Pabeier wäerten ofschafen"

Medielandschaft

"Ech gleewen net, datt mir de Pabeier wäerten ofschafen"

Lëtzebuerger Wort, Télécran a Contacto gi bis op Weideres keng reng Online-Publikatiounen, seet d'Martine Reicherts, Presidentin vum Editeur "Mediahuis Lëtzebuerg".

auto_stories

5 min

Déi lescht Joren huet sech villes verännert beim Verlaagshaus, zu deem d'Wort, de Contacto, den Telecran, d'Luxembourg Times a Radio Latina gehéieren: De Bistum ass net méi Proprietär, an de Grupp heescht haut net méi Saint-Paul mee Mediahuis Luxembourg SA. De flämesche Mammekonzern Mediahuis, ass net just an der Belsch, mee och an Holland an Irland op Expansiounskurs: Kärstrategie ass iwwerall d'Transitioun vu Print op Digital.

Digital Transitioun: "Net vun haut op muer"

Mediahuis Lëtzebuerg wéilt bis op Weideres op eng duebel Strategie setzen, seet d'Martine Reicherts. D'Dageszeitung Lëtzebuerger Wort an d'Wochenzeitungen Télécran a Contacto sollen deemno och an Zukunft nach am Print erschéngen. Dës Publikatiounen hätten den Ament zwou Clientèlen: Engersäits een tendenziell méi ale Publikum, deen d'Zeitung an d'Boîte siche geet a beim Frühstück liest - an ee méi jonke Publikum, deen de Contenu digital consultéiert.

Elo misst een also den Trend am A behalen, wéi d'Demande sech entwéckelt. Séier Changementer wiere kaum z'erwaarden, esou d'Martine Reicherts: "Ech mengen am Wort ginn déi Decisiounen net vun haut op muer geholl"

D'Dréckerei, déi zu Gaasperech op engem Terrain vum Bistum steet, géif och bis op Weideres nach zur Verfügung stoen. Nach géif et kee konkrete Projet gi fir do amplaz een Immobiliëprojet ze realiséieren an deemno och keng Delaien: "Wa se eng Kéier wéilte verkafen, da géife se awer warscheinlech e bëssi am Viraus Bescheed soen."

Sozialplang: "Ech war net dobäi"

Virun 20 Joer hat Saint-Paul nach iwwer 1.000 Mataarbechter. Zënterhier goufen et véier Sozialpläng an et bleiwen nach eng 230 Leit. Zejoert goufe - kuerz no der Iwwernam duerch Mediahuis - iwwer 70 Leit entlooss. Obwuel d'Verlagshaus 2020 eng Millioun Netto-Benefice gemaach huet. D'Martine Reicherts, déi am Juli 2021 Presidentin vu Mediahuis Lëtzebuerg ginn ass, wollt sech dozou net äusseren, well si selwer nach net do war.

An engems ass et d'Ausso, datt d'Erwaardungen un d'Journaliste sech verännert hätten: "Et brauch ee Leit, déi méi schnell schreiwen" a gemengt sinn domadder "jonk Leit, déi anescht schaffen".

D'Martine Reicherts verweist och drop, datt d'Fäll, déi viru Geriicht geland sinn, nach net a leschter Instanz tranchéiert sinn. An engem Fall war d'Aarbechtsgeriicht zur Conclusioun komm, datt d'Entloossung vun enger Correctrice abusiv war. De Verlag wier awer an Appell gaangen, esou d'Martine Reicherts.

Expansiounskurs mat Contrainten

Zur Fro, op eng weider Restrukturatioun kéint ustoen, verweist d'Martine Reicherts drop, datt d'Verlagshaus elo nees an der "Expansioun" wier.

Et gëtt also verzweiwelt no Journaliste gesicht. An de Problem wier, datt ee weder erfueren nach jonk Leit fënnt, esou d'Martine Reicherts: "Mir hunn ee Salairesproblem zu Lëtzebuerg", sou eng Erklärung vun der Verwaltungsrotspresidentin, déi op déi héich Gehälter beim Staat verweist.

D'Martine Reicherts stellt sech hannert déi verschidde sproochlech Nischeproduite vu Mediahuis Lëtzebuerg: D'Luxembourg Times, déi mat enger Equipe vun aacht Journalisten Online-News op Englesch produzéiert, géif "ganz gutt funktionéieren". An och d'Wochenzeitung Contacto a Radio Latina, déi sech un eng lusophon Communautéit riichten, géifen an d'Logik vun der haiteger Mediewelt passen, wou ee spezifesch Zilpublikume misst uschwätzen.

Onofhängegkeet als "Prinzip"

Et hunn och eng Rei talentéiert Journalisten d'Wort verlooss, zum Deel well ënner der Presidence vum Luc Frieden Zweiwel opkomm sinn, datt onofhängegen a kritesche Journalismus net erwënscht wieren.

Dat wollt d'Martine Reicherts net kommentéieren. Fir si wier déi Fro kloer: "D'Onofhängegkeet vun de Journalisten ass bei Mediahuis ee Prinzip". Och de Generaldirekter géif sech net an d'Dagesgeschäft amëschen.

Konkurrent TikTok an Instagram

D'Martine Reicherts erkennt de Risiko un, datt bezuelte Contenu een elitäre Refuge gëtt, wärend de Recht vun de Leit sech op de soziale Medien informéieren. Zil misst et si fir Informatioune kloer eriwwer bréngen: "Wat ee verstanen huet, kann een och einfach erklären."

Kloer wier och, datt déi Informatiounen an anere Form misste vermëttelt ginn, fir ee jonke Publikum z'erreechen. "Déi jonk Leit lauschteren net méi um Radio eng Emissioun vun enger Stonn. Si lauschteren engem eng oder zwou Minutten no".

Respekt fir d'Wëssenschaft

D'Martine Reicherts ass och Presidentin vum Nationale Fuerschungsfong FNR. Hei géif d'Vermëttlung vu Wësse mat Plattforme wéi "Science.lu" a mam "Mr. Science" gutt funktionéieren. Besonnesch wärend der Pandemie hätt déi Offer grousse Succès gehat. An d'Sondagë géife weisen, datt d'Wëssenschaft zu Lëtzebuerg eng grouss Unerkennung genéisst.

Datt sech ee klengen Deel vun der Populatioun géint d'Covid-Impfung wiert, misst een esou respektéieren, fënnt d'Martine Reicherts. "Dat ass wichteg, datt mir do eng gewëssen Toleranz hunn, well soss gëtt et ëmmer méi schwiereg an eiser Gesellschaft zesummen ze liewen."

Och d'Politik géif déi wichteg Roll vun der Wëssenschaft unerkennen, mengt d'FNR-Presidentin. Den nächste pluriannuelle Budget vum FNR géif deemno warscheinlech méi grouss ginn ewéi dee viregten. Mee nach wieren d'Gespréicher mam Héichschoulministère net ofgeschloss.

Plagiatsaffär: No Comment

Zur Plagiatsaffär äussere ronderëm dem Premier Xavier Bettel seng Ofschlossaarbecht 1999 op der Uni vun Nanzeg wollt d'Martine Reicherts sech net. Et misst een d'Enquête vun der Uni ofwaarden, an da misst Regierung dat op hirem Niveau kucken.

Datt de Xavier Bettel mat sengen Aussoe wëssenschaftlech Standarde relativéiert huet, wéilt si weder als FNR-Presidentin nach an enger anerer Funktioun kommentéieren. Si selwer hätt fir hiren DEA am Droit guer keng Ofschlossaarbecht misse schreiwen, sou den Hiweis vun der Martine Reicherts.

2014 bal Ministerin ginn

D'Juristin a laangjäreg héich EU-Beamtin ass LSAP-Member an huet och scho bei Gemengewale fir d'Stater LSAP kandidéiert. Notamment 2005 als Co-Spëtzekandidatin, wou si awer schlecht ofgeschnidden huet.

2014, wéi si als Interims-EU-Kommissärin zu Bréissel war, wier et d'Iddi gewiescht, datt si duerno zu Lëtzebuerg sollt Ministerin ginn: "Dat war sou ee Spill vu 'chaises musicales', wou verschidde Leit hätte missen eng aner Plaz kréien. An dat ass schif gaangen." Deemools wier si dozou bereet gewiescht, mee elo wier si ze al fir nach Ministerin ze ginn.