Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech ginn ouni Regret"

Biissen

"Ech ginn ouni Regret"

Biissen kritt en neie Buergermeeschter. Dee wäert méi wéi sécher David Viaggi heeschen. Hie gehéiert zu der Equipe Är Leit, déi bis ewell an der Oppositioun souz. No den Demissioune vun den zwee CSV-Schäffen d'lescht Woch a vum Ex-CSV-Buergermeeschter e Sonndeg, ginn d'Kaarten elo nei gemëscht.

auto_stories

2 min

De Jos Schummer seet, hie géif ouni Regret goen, Biisse wier net stoe bliwwen an deenen aacht Joer, wou hie Gemengepapp war, mee hätt sech weider entwéckelt. An u sech hätt hien nach gär gehollef an enger exekutiver Funktioun. Dat wär iwwregens esou ofgemaach gewiescht:

"Et war ofgemaach, datt den Här Viaggi vum éischten Dag un d'Roll vum Buergermeeschter sollt iwwerhuele bis zum Schluss vun dëser Legislaturperiod. Ech hätt während zwee Joer d'Geschäfter vum Éischte Schäffen iwwerholl. An d'Madamm Cindy Barros hätt dat lescht Joer d'Funktioun vum Éischte Schäffen iwwerholl."


De ganzen Interview mam Jos Schummer:

Lauschterenplay_arrow


Elo gesäit et esou aus, wéi wann d'Cindy Barros, déi am Juni gläichzäiteg mam Jos Schummer aus der CSV ausgetruede war, direkt an de Schäfferot kéim. Fir den Ex-Buergermeeschter bléif da just nach eng Plaz als einfache Conseiller am Gemengerot.

Ausléiser: De Google-Datenzenter

Ob hien dat wëllt, géif hie sech elo mol e puer Deeg iwwerleeën, seet de Jos Schummer. Virun der nächster Woch géif hien do keng Decisioun huelen. Dat alles ass Lokalpolitik, wéinst dem Projet Google Data-Center, deen dat ganzt kommunaalt Gedeessems mat ausgeléist huet. Dat Ganzt huet awer och en nationalen Interêt:

"Ech ginn net dovun aus, datt de Projet, deen ass esou wäit fort, datt deen elo einfach "rang pang" gestoppt ass. Well déi Zon, déi hu si kaaft, an déi Zone sinn elo klasséiert an dat geet säi ganz normale Wee weider."

Et ass net ganz kloer, wéi d'Equipe Är Leit zum Projet Google steet: "Wéi si sech positionéieren, dat weess ech net", seet de Jos Schummer. Säi Nofolger wäert awer séier Faarf musse bekennen.


De Bäitrag vum Maurice Molitor:

Lauschterenplay_arrow