D'Astrid Lulling war 24 Joer als Deputéiert an der Chamber, a 34 Joer am Europaparlament, néng Joer hu sech dës zwee Mandater iwwerschnidden. 2014 war d'Astrid Lulling net méi gefrot gi fir mat der CSV mat an d'Europawahlen ze goen. Gären hätt si nach ee Joer drugehaangen, seet si. Et hätt hir just ee Joer gefeelt fir 50 Joer e Mandat parlementaire gehat ze hunn, zu Lëtzebuerg an am Europaparlament. "Ech hat och gesot, ech géif da menger Wee goen, mee [...] déi eng hu gesot ech wier ze al, mee de richtege Grond war, datt der puer gefaart hunn, ech kéim viru si."
Streidereie mat gescheite Fraen
Hir Carrière ass och gepräägt vu Streidereien a Rivalitéiten, ënner anerem mat der Viviane Reding, Nelly Stein a Lily Gansen, haaptsächlech also mat Fraen
"Ech hat ni Schwieregkeete mat gescheite Männer. Ech hat e puer Schwieregkeete mat domme Männer an der Chamber, mee ech nenne si net. Ech hat awer Schwieregkeete mat gescheite Fraen an ech weess net firwat, et läit awer net u mir, mee ech sinn dann ëmmer vun deene Fraen, déi da jo méi jonk ware wéi ech, anscheinend als Konkurrenz ugesi ginn."
Keng zweet blo-rout Koalitioun
No de Wahle vun 1979 hätt de Gaston Thorn déi blo-rout Koalitioun mat de Sozialiste gäre virugefouert. Well DP an LSAP vum Wieler awer keng Majoritéit méi kritt haten, wier dat nëmme méiglech gewiescht, wann déi zwee Deputéiert vun der SdP, der sozialdemokratescher Partei, déi Regierung toleréiert hätten. D'Astrid Lulling war ee vun den zwee gewielten SdP-Vertrieder. De Gaston Thorn hätt si probéiert ze iwwerrieden, erënnert si sech:
"Ech ka mech sou gutt erënneren, datt ech jo hu misse bei den Här Thorn kommen, da souzen si alleguerten do, an do wollten si mech da kafe mat engem Poste vun Ambassadeur zu Stroossbuerg. An ech hunn dat ganz schrecklech fonnt, muss ech éierlech soen. Also d'CSV hat d'Wahle gewonnen. Et war dann net u mir, fir mat de Sozialisten als Perdanten, d'SdP als Perdanten, do dann eng Koalitioun ze erméiglechen a mech dann och nach an den Exil ze schécken a mech ze kafen. Wat hunn déi da vu mir ugeholl? Ech hunn dat net matgemaach, an ech brauch mech dofir net ze schummen, bien au contraire."
De Wiessel bei d'CSV
Ugefaangen huet der Astrid Lulling hir politesche Carrière an der LSAP, aus där si awer 1971 ausgeschloss gouf. Si huet doropshin d'SdP (déi sozialdemokratesch Partei) matgegrënnt a war fir d'SdP och an der Chamber. Wéi d'Partei sech 1982 opgeléist hat, ass si vum deemolege Staatsminister Pierre Werner gefrot gi fir an d'CSV ze kommen:
"Ech hunn deemools dem Här Werner gesot: 'Jo Här Werner, ech hu kee Problem mat Ärer Wirtschafts- an Ärer Sozialpolitik, mee Här Werner, ech ginn net sonndes an d'Mass". An do huet den Här Werner gesot "Ma wa mir déi nëmmen hätten, déi sonndes an d'Mass ginn, da wiere mir net zu sou vill". An ech hunn der och nach begéint an der CSV, déi ne all Sonndeg an d'Mass ginn."