Europäeschen Zenter fir Krankheets-Preventioun ECDC lueft Lëtzebuerger Teststrategie

Déi Lëtzebuerger Test-Strategie gëtt an enger neier Risiko-Evaluatioun vun der ECDC gelueft. Den europäeschen Zenter fir Krankheets-Preventioun kënnt zur Conclusioun, datt d'Covid-19-Epidemie nëmmen duerch groussugeluechten Tester an de Grëff ze kréien ass.

Françoise Medernach / cz

Europa Lupp Coronavirus
Foto: Bigstock / digitalista

De Bäitrag vum Françoise Medernach lauschteren


Lëtzebuerg gëtt an där Etüd e puer Mol als Muster-Beispill zitéiert. D'ECDC mécht sech nämlech Suergen, well d'Infektiounszuelen an der EU erëm geklomme sinn. Déi Länner, déi de Large-scale-testing maachen an, en plus, en effikassen Traçage-System hunn - esou wéi Lëtzebuerg - wieren am beschten ausgerëscht fir een neien Ausbroch séier ze detektéieren, awer och fir Risikogruppen ze identifizéieren an de Risk vun enger neier Infektiounswell deemno ze limitéieren.

D'ECDC stellt och fest, datt den Taux vun den Nei-Infektioune ganz kloer vun der Zuel vun den Tester ofhänkt. Och hei gëtt Lëtzebuerg erëm als Beispill zitéiert, et gëtt och confirméiert, datt Lëtzebuerg dat Land an der ganzer EU ass, dat bei Wäitem déi meeschten Tester mécht, mat ronn 10.700 Tester pro 100.000 Awunner, an der Woch vum 20. Juli. Dat wier quasi siwe Mol méi, wéi dat Land, dat op der zweeter Plaz, hanner Lëtzebuerg, am Klassement kënnt.

Large-scale-testing spillt eng Schlësselroll

De Large-scale-testing géif eng Schlësselroll spille fir d'Nei-Infektiounen am Grëff ze behalen, awer och fir en effikassen Traçage ze maachen, an e wier och d'Basis fir d'Situatioun permanent ze iwwerwaachen. Déi grouss ugeluechten Tester, esou wéi Lëtzebuerg se mécht, géifen och eng kruzial Roll spille fir lokal Hotspotte séier kënnen ze identifizéieren.

Da warnt den europäesche Krankheets-Preventiouns-Zenter awer och viru vireilege Conclusiounen, wann d'Infektiounszuelen an engem Land staark klammen. Dat wier de Fall fir Lëtzebuerg, dat vu verschiddene Länner dowéinst als Risikogebitt agestuuft gouf. Et misst een do nämlech en Ënnerscheed maachen, ob et effektiv een neien Ausbroch gëtt, oder ob déi Zuelen esou héich sinn, well vill getest gëtt, a well do och déi asymptotesch Fäll mat gezielt ginn. D'ECDC recommandéiert den anere Länner, och méi ze testen an och ze probéieren, déi asymptotesch Fäll erauszepicken.

Nidderege Mortalitéitstaux zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg läit an der Statistik iwwer den Taux de mortalité op der leschter Plaz. Do gëtt d'Zuel vun den Doudesfäll verglach mat der Zuel vun de confirméierten Infektiounsfäll. Deen Taux läit zu Lëtzebuerg ënner zwee Prozent. Ganz uewen an där Statistik läit Frankräich mat iwwer 15 Prozent, dann d'Belsch an dann Holland.

Méi zum Thema

Covid-Test
COVID19-Tester

De Claude P. Muller relativéiert d'Ausso vun der Paulette Lenert iwwer d'Feelerquot bei de Covid19-Tester. Am Ufank wieren d'Tester manner sensibel gewiescht. Haut géif een de Virus méi fréi detektéieren.

COVID-19 Test
Covid-Tester

Bei de Covid19-Tester gëtt et keng 100 prozenteg Garantie, datt d'Resultat richteg ass. Besonnesch bei negativen Tester géif et eng héich Feelerquot ginn. Dat äntwert d'Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen