Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - My Dear One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Earth Overshoot Day: Zäit fir eng méi nohalteg Steierpolitik?

Nohaltegkeet

Earth Overshoot Day: Zäit fir eng méi nohalteg Steierpolitik?

Déi natierlech Ressourcen op der Äerd si vum 2. August un all opgebraucht: de sougenannten Earth Overshoot Day, dee vun der ONG Global Footprint Network ausgerechent gëtt, fält dëst Joer op dësen Datum. Zu Lëtzebuerg war deen Dag schonn de 14. Februar. De Nohaltegkeetsrot widderhëlt dofir säin Appell, datt den ekonomesche Modell zu Lëtzebuerg misst iwwerduecht ginn.

auto_stories

2 min

Déi natierlech Ressourcen op der Äerd si vum 2. August un all opgebraucht. (Foto: Adobe Stock)

Lauschterenplay_arrow


Lëtzebuerg huet mat den héchste Ressource-Verbrauch pro Kapp vun alle Länner. A wann all Bierger op der Welt d'Konsumverhale wéi d'Lëtzebuerger hätten, da wiere ronn 6,9 Planéiten néideg, huet de Nohaltegkeetsrot ausgerechent.

Dofir wiere massiv politesch Efforten a Courage néideg, fir den ekonomesche Modell vu Lëtzebuerg ze änneren, widderhëlt de Nohaltegkeetsrot an engem Communiqué. Wéi dat kéint erreecht ginn, hat am Februar schonn eng Etüd gewisen, déi den Nohaltegkeetsrot beim LIST bestallt hat. Op Grond vun den Erkenntnisser do huet de Nohaltegkeetsrot ënner anerem eng aner, méi nohalteg Steierpolitik gefuerdert, mam Grondprinzip, datt ee méi Steiere muss bezuelen, wann ee vill Ressourcë verbraucht.

Manner Steieren op de Gehälter, méi Steieren op der Consommatioun

Konkreet proposéiert den Nohaltegkeetsrot eng steierlech Ëmverdeelung, mat manner Steieren op de Gehälter, a méi Steieren op der Consommatioun. Op eiser Antenn hat de Georges Bock, Member vum Nohaltegkeetsrot, dat esou erkläert:

"No fënnef Joer kéint een 2 Milliarden am Budget vu Steieren op Gehälter shiften op Steieren op Consommatioun. Wat sinn déi Consomatiounen? Do wou dat gréisste Potential ass, fir esou Steieren ze erhiewen, ass ganz kloer um gefuerene Kilometer, eng Kilometercharge."

Weidert Potential fir de Konsum méi ze besteiere géif et, dem Nohaltegkeetsrot no, bei der TVA ginn, wou d'Tauxen zu Lëtzebuerg relativ niddereg wieren, a beim Fléien, wou de Kerosin den Ament guer net besteiert gëtt. Do kéint Lëtzebuerg um europäesch Plang eng Kerosins-Steier dreiwen, esou de Nohaltegkeetsrot.

Och Greenpeace fuerdert anere Wirtschaftsmodell

An och d'Ëmwelt-Organisatioun Greenpeace fuerdert een anere Wirtschaftsmodell: Den Oveshoot Day wier ee Symbol fir ee gescheiterte Wirtschafts-System, esou Greenpeace Lëtzebuerg an engem Communiqué. Et wier héich Zäit op een alternative System ëmzeklammen, an deem net just Wuesstem, mee och op Wuelbefannen an d'Erhale vun de natierleche Ressourcen am Mëttelpunkt stinn.