Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E Spigel vun eiser Gesellschaft"

Europäesch Schoul

"E Spigel vun eiser Gesellschaft"

Am Hierscht soll zu Miersch déi ewell fënneft ëffentlech europäesch Schoul hei am Land hir Dier opmaachen. D'Offer vun der EIMAB géif sech haaptsächlech u Kanner u Jugendlecher riichten, déi net vu Gebuert un hei zu Lëtzebuerg gelieft hunn, an déi och an enger anerer Sprooch wéi eiser grouss gi sinn: d'Lëtzebuergescht géif awer am Programm eng grouss Roll spillen, sot d'Julie-Suzanne Bausch.

auto_stories

1 min

D'Julie-Suzanne Bausch leet de Groupe de pilotage, deen am gaangen ass, déi eeleft ëffentlech europäesch Schoul hei am Land opzebauen

D'Julie-Suzanne Bausch leet de Groupe de pilotage, deen am gaangen ass, déi nei Schoul opzebauen. Et géife vill Efforte gemaach gi, fir d'Kanner aus der EIMAB bausst der Schoul mat Lëtzebuerger Schülerinnen a Schüler ze mëschen.

D'Schoul wier "ganz kloer" e Spigel vun eiser Gesellschaft, seet d'Julie-Suzanne Bausch. Lëtzebuergesch hätt den héchsten Taux d'immigration aus allen Deeler vun der Welt, net nëmmen europäesch Immigratioun. D'Julie-Suzanne Bausch huet zouginn, datt e gewësse Risk vu "Gettoiséierung" besteet.

"Et ass en Defi, ganz sécher. Et ass en Defi, wéi et och een ass ouni d'europäesch Schoulen. Well an den aktuelle Fondamentallen, respektiv an den aktuelle Secondairen, ass och schonn déi Tendenz, datt d'Leit ënner sech déi Sprooch schwätzen, déi hinnen am beschte kënnt."

Lëtzebuerg géif dowéinst och um Programm vun der EIMAB stoen, ënnersträicht d'Julie-Suzanne Bausch:

"Vun der Primärschoul un hutt der intensiv Lëtzebuergesch, Dir hutt eigentlech méi Lëtzebuergesch an der internationaler europäescher Schoul, wéi an der Lëtzebuerger Schoul. Ebe well ee gär hätt, datt d'Lëtzebuergescht als Langue d'intégration do funktionéiert. Dir hutt dat bis S3 (dat entsprécht eiser 5ème), an duerno ass et nach ëmmer als Optioun."