D'LSAP misst natierlech e Koalitiounspartner sinn, op deen ee sech verloosse kann, seet de Georges Engel. Si misst awer och ëmmer däitlech maachen, datt se a verschiddenen Theme vläicht méi wäit goen, oder aner Decisiounen huele géif, wa se net un eng Regierungs-Disziplin gebonne wier.
"Dat hei ass meng Meenung. Mee ech si mer awer och bewosst, datt ech als Fraktiounspresident där Koalitioun hei muss hëllefen, datt se weider kann uerdentlech funktionéieren. An dat wäert ech och maachen."
Kapital méi héich besteieren
An der Lëtzebuerger Politik géif et keng d'Traditioun ginn, datt d'Parteien aner Positioune vertrieden, wéi déi déi se an der Regierung vertrieden. Hie wier der Meenung, datt een dat a gewësse Limitten awer misst kënne maachen; och op Punkte wéi der Steierpolitik, der méiglecher Besteierung vum Kapital, oder enger Ierfschaftssteier an direkter Linn. Als Beispiller fir sozialistesch Positiounen, déi an der aktueller Konstellatioun net duerchzesetze sinn, nennt hien d'Stéchwierder Expropriatioun als Instrument an der Logements-Politik, oder Kapitalbesteierung an der Fiskalitéit.
Hie selwer wier der Meenung, datt Kapital zu Lëtzebuerg manner staark géif besteiert ginn, wéi d'Aarbecht. Dat wier senger Meenung no falsch a misst geännert ginn. De Georges Engel wéilt säin Afloss als Fraktiounspresident notzen, fir zesumme mat der ganzer Partei an déi Richtung ze schaffen, déi hie "fir méi richteg" hält.
"Elo ouni Äermercher schwammen"
Datt hien d'Presidence vun der Fraktioun iwwerholl hätt, géif net mam Alex Bodry sengem Wiessel an de Staatsrot zesummen hänken. Et wier souwisou virgesi gewierscht, datt hien dee Posten ugangs 2020 géif iwwerhuelen. De Georges Engel wéisst zënter Enn 2018 Bescheed, wat op hien duer kéim.
"Zënter engem Joer sëtzen ech nieft dem Alex Bodry an der Chamber. Do léiert ee ganz vill. Den Alex Bodry ass eng bête politique, een dee säit 35 Joer um nationalen Niveau Politik mécht, an alle Funktiounen. Do kann ee sech dat eent oder dat anert ofkucken."
Den Alex Bodry hätt hien a verschidden Internae vun der Politik ageféiert, mee de Gros géif elo nach kommen. Hie misst sech elo "selwer fräischwammen", sou de Georges Engel.