Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E schmuele Grat

Chronik

E schmuele Grat

Et ass probabel, datt wéinst der Corona-Epidemie d'nächst Woch zu Lëtzebuerg weider Restriktiounen decidéiert ginn - knapp véier Wochen nodeems eng Ausgangsspär ageféiert an d'Kontakter op véier limitéiert goufen. D'Regierung sicht wärend dëser zweeter Well no engem nuancéierte Wee, an dat ass gutt. Se bréngt et just net fäerdeg hir Approche richteg ze vermëttelen, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

4 min

De Jean-Claude Franck ass Chefredakter vum radio 100,7. Foto: Archiv

Et gëtt keng einfach Léisunge géint eng sanitär Kris wéi déi vum Coronavirus. Wie mengt, et misst einfach alles zougemaach gi fir e maximaalt Sécherheetsgefill ze erreechen, riskéiert déi vill Kollateralschied fir d'Gesellschaft, d'Ekonomie an déi mental Gesondheet vun de Leit kleng ze rieden.

Wie mengt, et sollt een einfach alles oploossen an et géif duergoe sech just méi dacks d'Hänn ze wäschen, ignoréiert domat, datt de Coronavirus den Ament souguer de Gesondheetssystem vun engem räiche Land wéi Lëtzebuerg paralyséiert, an datt trotz méintelaange Restriktiounen a sanitäre Mesurë vill Leit krank ginn a vill Leit stierwen.

Lëtzebuerg war mat Sécherheet an enger Partie Beräicher net gutt genuch opgestallt, wéi et lass gaangen ass. Dat néideg Material war trotz Pandemie-Plang net op Stock, de Gesondheetsministère war iwwerfuerdert fir d'Daten ze sammelen an opzebereeden, an et gouf iwwer de Summer net genuch fir den Hierscht preparéiert, obwuel quasi jiddweree wosst, datt am Hierscht eng zweet Well kéim.

D'Gesondheet iwwer der Ekonomie

Mee wat ee soe muss: am Fréijoer, wéi een nach net vill iwwer de Virus wousst, ass zu Lëtzebuerg séier reagéiert an e Shutdown decidéiert ginn, deen d'Ekonomie haart getraff huet, an engem Land, dat jo soss alles mécht, fir der Ekonomie net ze schueden. De Schutz vun der Gesondheet stoung kloer am Mëttelpunkt.

Wärend aner Länner sech no der éischter Well virun allem op hir Baussegrenze konzentréiert hunn, huet Lëtzebuerg am alldeegleche Liewe weider Mesuren en place gelooss: Maske si gedroe ginn, Evenementer waren erlaabt mee mat sanitäre Reegelen, an och an der Restauratioun ass et ni méi esou fräi gi wéi viru Mäerz.

Politesche Risiko

Vläicht probéiert déi blo-rout-gréng Koalitioun dowéinst dësen Hierscht nuancéiert duerch déi zweet Well ze navigéieren. Et gëllt just nach dat ze verbidde wat néideg ass fir d'Entwécklung vun der Epidemie am Grëff ze behalen.

Et ass e schmuele Grad, mat méi politeschem Risiko. Reagéiert een net séier genuch oder d'Mesurë wierken net genuch, kann d'Courbe vun den Neiinfektiounen, den Hospitalisatiounen an den Doudege séier ausser Kontroll geroden.

Esou koumen d'Mesurë vun Enn Oktober ze spéit. Déi haten nämlech eng Wierkung, déi besser éischter agetratt wier. Mol net eng Woch nodeems se a Kraaft waren, ass aus enger exponentieller Hausse eng stabel Zuel un Neiinfektioune ginn.

Wou sinn d'Limitten?

Mee d'Regierung huet dunn ze vill gehofft, datt dat géif duergoen an huet sech quasi zwou Woche laang nees verstoppt. De Premier an d'Gesondheetsministerin hu just verroden, datt nei Mesurë prett wiere fir de Fall wou.

Wann een awer wëllt op d'Eegeverantwortung vun de Leit setzen, an hofft, datt et ouni aschneidend gesetzlech Restriktioune vum Selwen zu enger Limitéierung vun de Kontakter kënnt, da muss een de Leit ganz kloer soen, wou d'Limitte sinn. An et muss ee reegelméisseg un den Eescht vun der Situatioun erënneren.

Am Kloertext: D'Pressekonferenz vun dësem Dënschdeg, op där annoncéiert gouf, datt ee sech nach fënnef bis sechs Deeg Zäit géif gi fir ofwaarden, ob nei Restriktioune géife gestëmmt ginn, koum ze spéit. Bei enger Inkubatiounszäit vu fënnef bis sechs Deeg huet esou en Appell un d'Eegeverantwortung keen Impakt méi op d'Zuele wärend dëser Woch.

Eng Approche a Stufen

Mee mat der nuancéierter Approche muss et dofir net eriwwer sinn: et ass nach ëmmer méiglech, datt déi verschidde Restriktiounen a Stufen ëmgesat ginn. D'Restauratioun, d'Caféen an d'Kontakter op zwee limitéieren, ouni direkt och Kultur zouzemaachen, kéint zum Beispill eng weider Pist si fir d'Zuele vun den Neiinfektiounen ze drécken. Och de Sport muss net onbedéngt souwäit erofgefuer ginn, wéi an de Regierungsamendementer geplangt.

An da kéint d'Regierung sech mat engem Stufeplang d'Optioune gi fir weider zouzeschrauwen, wann et net duergeet. Dozou gehéiert dann awer e permanente Monitoring an eng glaskloer Kommunikatioun iwwer d'Demarche an Krittären, un deenen d'Leit sech kënnen orientéieren.