Weltwäit leit eng vun aacht Persounen ënnert enger psychescher Krankheet, zum Beispill ënner Traumata, Suchterkrankungen oder Psychosen. Et ginn eng ganz Rei u psychesche Krankheeten an déi missten destigmatiséiert ginn, seet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Fënnef Achse ginn et am neie Plang fir mental Gesondheet, woubäi e weidere Schwéierpunkt op der Zesummenaarbecht tëscht den ënnerschiddlechen Acteure soll leien.
Koordinéiert Prise en Chargen
Fir datt d'Versuergung vun der mentaler Gesondheet fir déi concernéiert Persoune méi einfach ass, misst ee virun allem d'Prise en Charge vu verschiddene Pathologië koordinéieren, seet d'Directrice adjointe vun der Santés-Direktioun, d'Juliana D'Alimonte. Dat wier virun allem bei Psychosen, Autismus oder souguer Depressiounen de Fall.
"Wou de Patient sech an enger fillière erëm fënnt, wou en da weess, wéi kommen ech aus dem Hospitalier an eng ambulant Betreiung eriwwer, datt dat dann och transparent ass."
D'Prise en Chargë géifen eng Verréngerung vun der Stierflechkeet erlaben. Dat an d'Reduzéierung vu Suizider wier d'Haaptzil.
Eng Approche fir Jugendlecher an den Erwuessenenalter ze begleeden
D'Prise en Charge vu Jugendleche wier schonn zu engem gudden Deel ausgebaut, betount Paulette Lenert. Et géif réischt problematesch gi wann déi concernéiert Jugendlecher 18 Joer al ginn. Vun do u fält een net méi ënner d'Jugendpsychiatrie.
Dat wier awer problematesch, well den Erwuessenenalter net onbedéngt dem Entwécklungsalter vum Concernéierten entsprécht, erkläert d'Gesondheetsministerin.
"An dat ass wat ee psychologie de transition nennt, dat ass eppes wat mer mussen opbauen, wat mer sou an der Form net hunn."
Et wéilt een déi Jugendlech och iwwer hier 18 Joer eraus begleeden a behandelen.
Héije Besoin fir encadréiert Logementer
D'Logementsproblematik zu Lëtzebuerg kënnt och beim Plan national de la santé mentale zum Virschäin. Et géif der Gesondheetsministerin no un encadréierte Logementer feelen, fir Leit, déi psychologesch oder psychiatresch Betreiung brauchen. Aktuell wieren 200 Logementer besat, elo wieren nach eng weider 50 finanzéiert ginn. De Besoin géif awer bei mindestens 400 Logementer leien. Do misst intensiv dran investéiert ginn, betount Paulette Lenert.
D'Integratioun ass e weidere Schwéierpunkt vum nationale Plang fir d'mental Gesondheet. Virun allem iwwer d'Aarbecht kéinte betraffe Leit de Wee zeréck an d' Liewe fannen, esou nach d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.