Radioen

On air

Notturno  |  R.A.P. Ferreira - Pinball Feat. Open Mike Eagle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Realitéitsschock fir Europa

Fräie Mikro

E Realitéitsschock fir Europa

De Krich an der Ukrain stellt politesch Gewëssheeten a Fro, un déi mir eis an Europa gewinnt haten. D'Realitéit veronséchert eis, well se eisem Bild net entsprécht. Dat mengt de Politolog Michel Dormal am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

De Krich an der Ukrain ass fir Europa en zimmleche Realitéitsschock.

Reieweis bekennen eis Politiker lo, si hätten de Putin falsch ageschat. Zwar léisst de Putin zënter Joren Oppositioneller ëmbréngen, am eegene Land, mee och an England oder zu Berlin. En huet méi wéi eng Kéier probéiert, Walen am Westen ze manipuléieren. An de sougenannten Volleksrepublicken, déi mat Hëllef vu russeschen Zaldoten am Oste vun der Ukrain opgeriicht goufen, ass et un der Dagesuerdnung, datt Leit verschwannen a gefoltert ginn. Mee trotzdeem hu mer laang gemengt, an ech huele mech do net aus, de Putin wéilt am Fong just e bëssen provozéieren, fir Opmierksamkeet ze kréien. Mee anscheinend wëllt hie méi. Datt mer eis sou offensichtlech geiert hunn, veronséchert. Well et weist, datt eis Perceptioun vun der Welt, ob déi mer vertraut hunn, net stëmmt. A lo froe mer eis natierlech, wou mer eis vläicht nach iwwerall ieren?

Veronsécherte Westen

Mir haten eis an Europa un déi sympathesch Virstellung gewinnt, datt Gewalt eigentlech keng Plaz an der Politik huet. Wann et zu Gewalt kënnt, dann, sou eis Virstellung, well virdrun eppes schifgaangen ass - well een iwwerreagéiert huet, well mer net éierlech matenee geschwat hunn, well et kee Mediateur gouf. Mir hunn eis ugewinnt, international Konflikter sou ze gesinn, wéi wann et Kläppereien um Schoulhaff wieren, wou just mol e puer Erwuessener néideg wieren, fir datt jidderee sech berouegt. Mee offensichtlech stëmmt och dëst Bild net. Dëse Krich ass alles, mee net d'Resultat vun enger onglécklecher Eskalatiounsspiral. E gouf am Géigendeel systematesch preparéiert a geet ob laangfristeg, strategesch Motiver zeréck. De Putin geséit de ganze post-sowjetesche Raum als säi quasi-imperialen Terrain. Wee sech no Westen orientéiert, muss an däerf a sengen Ae bestrooft ginn. Mir hu gegleeft, dës Zort Politik hannert eis gelooss ze hunn. A lo si mer veronséchert, datt dat dem Rescht vun der Welt anscheinend relativ egal ass.

Och Moral huet hire Präis

Mir hunn eis an de leschte Joren d'Fräiheet geholl, Politik staark moralesch ze bewäerten. Hunn eis driwwer opgereegt, datt Politiker mam Fliger ob e Klimaschutzsommet fléien oder d'Englänner keng gutt kosmopolitesch Europäer méi wëlle sinn. Wann d'Amerikaner insistéiert hunn, datt Europa mol e bësse méi fir d'Defense ausgëtt, hu vill Leit dogéint mat den Ae gerullt. Wann d'Fransouse gesot hunn, datt si nawell un der Nuklearenergie géife festhalen, fir a Punkto Energie net ofhängeg vum Ausland ze sinn, huet ee sech geduecht, dat wier wuel sou e komesche franséische Spleen. Politik vu gëschter, hu mer gemengt. Leider net. Ech wëll sécher net fir eng Realpolitik ganz ouni Valeure plädéieren. Dat ass och schonns oft schifgaangen. Mee och d'Moral huet hire Präis an hir Konditiounen. Dorunner erënnert ze ginn, ass net angeneem.


am Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.