Dozou gehéieren d'Immatrikulatioun vun de Gefierer, den Empfang vum Permis, déi theoretesch a praktesch Führerschäinsexamen an och en Terrain fir de prakteschen Exame fir Camions- a Motorradschaufferen. De Contrôle technique bleift zu Maarnech.
E Méindeg geet de Site um Fridhaff offiziell fir de Public op. A senger Gréisst wier e vergläichbar mat Esch, erkläert d'Directrice administrative vun der SNCA, Catherine Engelke. Eng 250 bis 300 Cliente kéinten all Dag um Fridhaff empfaange ginn. Op Examensdeeg esouguer bis zu 500.
Ee méi laange Wee fir déi eng, fir déi aner net
D'Sitten zu Maarnech, Dikrech, Wooltz an Angelduerf sinn zum Deel schonn zou a ginn nach bis Enn Juli zougemaach. Dee Schrëtt war am Virfeld deels kritiséiert ginn, well d'Awunner aus dem héijen Norden zukünfteg vill méi wäit misste fueren. D'Catherine Engelke betount, datt d'SNCA elo - mat Esch a Sandweiler - dräi Sitten hätt, déi gläichméisseg am Land verdeelt a fir jidderee gutt accessibel wieren. Fir déi eng Leit géif dat ebe méi e laange Wee bedeiten, fir anerer net.
Den neie Site um Fridhaff läit an enger Industriezon, an där elo scho vill Garagen installéiert sinn. Weider Acteure kéinten nach kommen, sou nach d'SNCA-Direktesch, ouni weider Prezisioune kënnen ze ginn. Fir déi wier déi nei Proximitéit sécherlech praktesch.