Et hätt ee schonn eng Rei Mesuren ergraff fir de Verkéier an der Industriezon anzedämmen. Esou hätt ee beispillsweis d'Gare méi no un d'Aktivitéitszon geréckelt. Elo géif et dorëms goen, fir eng Navette op d'Been ze stellen. Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister nennt hei d'Iddi vun enger Navette, déi autonom fiert, also kee Chauffer brauch.
Eng Sortie fir Camionen
Et wéilt een och d'Betriber mat an d'Boot huelen, déi en net onwesentlechen Deel zur Entlaaschtung bäidroe kënnen. Si sollen eng Charta ënnerschreiwen an hiert Personal dozou motivéieren, fir op den ëffentlechen Transport ëmzeklammen. Ausserdeem wier eng eng speziell Ausfaart fir Camione geplangt, sou datt d'Camionen net méi duerch de Rondpoint Irgäertche fuere mussen.
D'Buergermeeschtesch vu Contern, d'Marion Zovilé-Braquet, begréisst dës Iddi, well dat eng "super super Léisung" fir d'Gemeng wier. Et hätt een dofir och scho Gespréich mam Minister Bausch gehat.
Déi verschidden Iddie wieren Deel vun engem Gesamtkonzept, déi den Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère nach virum Summer mat de verschiddenen Acteure wéilt virstellen.
De Claude Biver am Panorama de Freideg, 20. Abrëll um 12 Auer: