Lëtzebuerg géif zwar den Ament keng Corona-App envisagéieren, eis Nopeschlänner an och verschidden Experten allerdéngs schonn. De Weekend nach hat Däitschland annoncéiert mat op de Wee vun enger App ze goen, déi d'Donnéeën dezentral soll späicheren. Deemno géif den Drock fir Lëtzebuerg och méi grouss ginn, erkläert de gréngen Deputéierte Marc Hansen.
"Et ass kloer, datt mir eis dowéinst musse mat esou enger digitaler Tracing-App auserneesetzen. An ech mengen, datt mir eis quasi all eens waren, datt een dat elo scho muss undenken. Dofir hu mir eis ausgetosch iwwer déi Krittären, déi esou eng App muss hunn."
Ee gesetzleche Kader
An déi Krittäre sollen an engem Gesetz festgehale ginn un deem elo soll geschafft ginn. Doranner soll dem Marc Hansen no ënner anerem stoe kommen, datt d'App just fir eng begrenzten Zäit wärend der Covid-19-Pandemie dierft genotzt ginn. Duerno misst d'Applikatioun mat den Donnéeë geläscht ginn.
Wichteg wier och, datt esou eng Applikatioun op EU-Niveau koordinéiert gëtt, erkläert de gréngen Deputéierten:
"Datt eng Interoperabilitéit do ass, datt een net herno 27 Appe muss hunn, wann een eng Kéier den Tour duerch Europa wëllt maachen. Bei eis ass de Problem besonnesch grouss, well mir kleng sinn an un dräi Länner grenzen an ebe vill Frontalieren hunn."
Méiglechst vill Transparenz
Donieft sollen d'Protokollen an d'Code vun der App ëffentlech si fir méiglechst vill Transparenz ze hunn. E weidere wichtege Punkt wier d'Fräiwëllegkeet, déi och fir d'Piraten an d'ADR misst garantéiert sinn. De Sven Clement, Deputéierte vun de Piraten ënnersträicht, datt eng App fakultativ an dezentral misst sinn.
Dës Positioun géif och vun de Regierungsparteie gedeelt ginn, just d'CSV wier anerer Meenung a géif mengen, datt eng zentral Plaz vu Beweegungsprofiller kéint geschaaft ginn. Dat wier awer éischter eng minoritär Positioun.
Analogen Tracing bleift wichteg
Dat Wichtegst wier allerdéngs, datt den analogen Tracing ausgebaut gëtt, där Meenung ass och déi gréissten Oppositiounspartei. Der Viviane Reding no géif dat mënschlecht Element hei am Land eng grouss Roll spillen. Dofir géif d'CSV d'Regierung ënnerstëtzen an drécken, fir dat ze stäerken duerch den analogen Tracing.
Et wier wichteg, datt do e Mënsch an engem Callcenter sëtzt, mat mindestens 100 Leit, déi sech ëm déi verschidde Fäll géife bekëmmeren, sou datt ee Feedback kéint ginn. D'Regierung wëllt an déi Richtung goen, an dat wier "déi richteg Aart a Weis", esou d'Viviane Reding.
Niewent dem Tracing bräicht d'Regierung eng gesamt sanitär Strategie. D'Populatioun dierft keng falsch Sécherheet vermëttelt kréien, ënnersträicht de gréngen Deputéierte Marc Hansen.