Kondolenzen "E ganz léiwe Mënsch"
De Premierminister Xavier Bettel mécht de Moien um 9 Auer eng Deklaratioun iwwer den Doud vum Grand-Duc Jean. Mir hunn éischt Reaktiounen agesammelt.

De fréiere Staatsminister an Nach-EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet sech vun der Nouvelle vum Grand-Duc Jean sengem Doud betraff gewisen.
De fréiere Premierminister Jacques Santer sot, datt d'Bild vu Lëtzebuerg sech ënner der Herrschaft vum Grand-Duc Jean fundamental geännert hätt.
Fir d'DP-Politikerin Colette Flesch, déi als Stater Buergermeeschtesch, als Ausseministesch an als Deputéiert mam Grand-Duc Jean ze dinn hat, war de Grand-Duc Jean e ganz wichtege Personnage, deen och vill schwéier Decisiounen huet missen huelen.
Fir d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer war de Grand-Duc Jean eng häerzlech Persoun.
De fréien LSAP-Wirtschaftsminister Robert Goebbels äussert sech esou:
De Chamberpresident Fernand Etgen sot, hie wier ganz traureg. Mam Grand-Duc Jean hätt d'Land e sympathesche fréiere Staatschef verluer.
De Grand-Duc Jean war e "Modell vu Staatschef", esou de Michel Wurth, President vun ArcelorMittal Lëtzebuerg a fréiere President vun der Chambre de Commerce.
Och den Norbert Haupert, fréiere President vum Comité Olympique Lëtzebuerg ass traureg iwwer den Doud vum Grand Duc Jean. De Grand-Duc Jean war jorelaang Member vum internationalen Olympesche Comité. Bei den Olympesche Spiller 1952 huet hien dem Josy Barthel déi eenzeg Goldmedail konnten iwwerrechen, déi et jee fir Lëtzebuerg gouf.
De Grand-Duc Jean huet dat modernt Lëtzebuerg gestallt. Dat seet de Jean-Jacques Kasel, deen tëschent 2002 an 2007 Hofmarschall ënner dem Grand-Duc Henri war. Hien hätt vill gutt Erënnerungen un de fréiere Staatschef, sou de Jean-Jacques Kasel. De Grand-Duc Jean hätt - bis op d'Stolkris - ee gléckleche "Règne" gehat.
De Pierre Dillenburg fréire Greffier vun der Chamber a grousse Kenner vun der Groussherzoglecher Famill wollt mam Grand Duc Jean an zwee Joer seng 100 Joer feieren.
Den Historiker Michel Pauly verweist a senger Reaktioun op den Doud vum Grand-Duc Jean op den 10. September 1944.
De Commissaire Général Adjoint Yves Marchi vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, schwätzt vun deiwem Respekt, deen hie fir de Grand-Duc Jean ëmfonnt huet.