Chronik En eemolege Moment an der amerikanescher Geschicht

D'USA si weiderhin dat Land op der Welt mat deene meeschte Covid-19-Fäll. Trotz der Pandemie sinn elo schonn zwou Woche laang honnertdausende Leit op d'Stroosse gaange fir géint Rassismus a Policegewalt ze protestéieren. Et ass en eemolege Moment an der amerikanescher Geschicht, an een un dee sech d'Wieler am November bei der Presidentschaftswal och wäerten erënneren.

Philip Crowther (Houston, Texas) / cbi

Kommentar Philip Crowther
De Philip Crowther ass 100,7-Korrespondent an den USA. Foto: Archiv

Hei zu Houston gëtt den George Floyd en Dënschdeg begruewen. Bei senger drëtter a leschter Gedenkfeier, an där Stad, wou hie laang gelieft huet, dierfen och just eng ganz limitéiert Unzuel vu Leit derbäi sinn. D'sozial Distanz muss agehale ginn, och beim Traueren. De Coronavirus bleift aktuell, eng Noriicht kann déi aner eben net ersetzen. Zwou Krise mussen niefteneen existéieren.

Protester trotz de Reegelen

D'Reegelen a Recommandatiounen ëm de Covid-19 kënnen awer och séier vergiess ginn, wann, esou et schéngt et heiansdo, d'Zukunft vum Land um Spill steet.

D'Familljemembere vum George Floyd ëmaarme sech, si ginn hire Gäscht d'Hand, an dobaussen an de Stroosse vun Amerika gëtt protestéiert, op enkem Raum, meeschtens mat Mundschutz, an heiansdo och emol ouni. D'Emotioune kënnen net zeréckgeschrauft ginn, et brennt an den USA. A wann ee Joerzéngten, nee Joerhonnerte laang, ënner dem Rassismus gelidden huet, da kann een och eng déidlech Pandemie mol vergiessen.

Et geet an d'Geschicht an

Et gëtt elo gehofft, datt et no de massiven Demonstratiounen an den USA net zu engem neie Pic vun de positive Fäll kënnt. Wann net, da waren dës lescht zwou Woche vläicht eent vun de wichtegste wëssenschaftlechen Experimenter ëm de Coronavirus. Vläicht breet sech de Virus dach dobaussen net esou séier aus, och wa Leit sech a Gruppe vun Dausenden zesummesetze fir se sangen, ze brëllen, a sech d'Hand ze ginn.

D'Biller ginn an d'Geschicht an: Zéngdausende Leit op de Stroosse dëse leschte Weekend zu Washington, zu New York, zu Chicago, zu Seattle, an a villen anere klenge Stied och. An d'Geschicht wäert un déi vill Masken erënnere vun de Leit, déi géint de Rassismus demonstréiert hunn an eng weltwäit Beweegung ugefaangen hunn.

2020: e besonnescht Joer

De Video vum Doud vum George Floyd war schlëmm genuch an hätt vläicht och ouni Corona-Kris d'Leit op d'Strooss bruecht an och zu Ausernanersetzungen tëschent der Police a Manifestante gesuergt. Mee Amerika 2020 ass e ganz besonnesche Cocktail. Méintelaang gouf nëmmen iwwer d'Pandemie geschwat an nogeduecht. De Coronavirus ass politiséiert ginn. Milliounen Amerikaner hunn hir Aarbecht verluer. D'Katharsis, déi d'Leit nees aus hire Wunnengen an op d'Strooss bruecht huet, war de Video vu Minneapolis, den Epizentrum vun enger weltwäiter Protestbeweegung.

Mee dës Well vu Manifestatiounen ass och eng anti-Trump Beweegung. Seng lues Reaktioun a seng Aart a Weis mat de rezenten Evenementer ëmzegoen, war wuel deen ee Schrëtt ze wäit.

Den Donald Trump ass iwwregens net op dem George Floyd seng Gedenkfeieren oder op säi Begriefnis invitéiert. Den Joe Biden schonn, an hie wäert d'Famill haut hei zu Houston, am Texas treffen. Den Demokrat ëmaarmt an ënnerstëtzt d'Manifestanten, de Republikaner gräift si un. 2020 ass schonn e verréckt, en tragescht, an en historescht Joer an den USA. An d'Walen, déi sinn eréischt am November.

An der Mediathéik:

Chronik / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Antónia Ganeto
Rassismus

D'Antónia Ganeto weist sech schockéiert iwwer den Dout vum George Floyd an den USA. Problemer mam Rassismus géifen et awer och hei ginn. Mat hirer Asbl Finkapé wëllt een en Deel vun der Léisung sinn.

letz rise up.jpg
Gesellschaft

Nom Doud vum Afroamerikaner George Floyd duerch Policegewalt an der US-Stad Minneapolis, rifft d'Association Lëtz Rise Up fir muer Freideg zwou Auer zu enger Solidaritéitsmanifestatioun virun der amerikanescher Ambassad op.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen