arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E bëssen de Geck gemaach mat de Leit"

Lag vun der Natioun

|
reading time

1 min

"E bëssen de Geck gemaach mat de Leit"

Déi Lénk erwaarde sech keng grouss Annoncë vum Premier a senger Ried zur Lag vun der Natioun. D'Re-Indexéierung vum Kannergeld kéint net als grouss Ukënnegung verkaaft ginn.

reading time

1 min

Et wier "e bëssen de Geck gemaach mat de Leit" wann d'Re-Indexéierung vum Kannergeld wierklech, wéi erwaart, den nächsten Dënschdeg am Etat de la Nation als grouss Ukënnegung géif verkaaft ginn, esou d'Carole Thoma.

D'Co-Spriecherin vun Déi Lénk huet drop higewisen, datt d'Kannergeld duerch d'Desindexéierung zënter 2006 (no Berechnunge vun der Chambre des Salariés) méi wéi 20 Prozent u Wäert verluer hätt. Souguer wann d'Indextranche vum 1. Oktober géif berécksiichtegt ginn, wier de Kafkraaftverloscht also bei wäitem net ausgeglach, sou d'Carole Thoma.

Si gleeft iwwerdeems net, datt d'Regierung déi grouss Steierreform just wéinst de Krise-bedéngten Ongewëssheeten ausgesat hätt:

"Si hunn déi zwar ugekënnegt, mee vun Ufank u war do kee gemeinsame Projet: do leien déi dräi Parteien einfach ze wäit auserneen. Dat heescht vun Ufank u war dat eigentlech en eidelt Verspriechen."