Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dupont Teijin Films wëll 160 Plazen ofbauen

Chimie-Industrie

Dupont Teijin Films wëll 160 Plazen ofbauen

Bei Dupont Teijin Films zu Conter sollen 160 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn. Doriwwer huet d'Direktioun vun der Chimie-Entreprise d'Personaldelegatioun an d'Gewerkschaften LCGB an OGBL informéiert.

auto_stories

2 min

(Foto: Dupont Teijin Films Europe)

Lauschterenplay_arrow


Dupont Teijin Films beschäftegt am Ganzen 270 Leit. Fir den LCGB wier d'Nouvelle vun der Direktioun ee "grousse Schock" gewiescht, trotz bekannte Problemer vun der Entreprise, esou de Gewerkschaftsassisent Marc Kirchen.

"Mir wossten, datt et aktuell net einfach wier, duerch déi wirtschaftlech bedéngte Situatioun an duerch de Problem wou si haten, datt hiren Haaptzouliwwerer vum Haaptrohstoff-Material DMT d'lescht Joer am Dezember seng Dieren heivir an Däitschland zougemaach huet."

Dowéinst hätt kee Material fir d'Produktioun vu Plastiksfilmer méi bei Dupont Teijin Films kënne geliwwert ginn. Dëse Grond fir d'Zoumaache vun zwou Produktiounslinnen hätt d'Direktioun de Gewerkschafte gëschter genannt.

"Den 9. Mäerz solle mir déi éischt Entrevue mat der Direktioun hunn, wou dann déi éischt Gespréicher sollen am Kader vun engem Plan de Maintien dans d'emploi lass goen."

Verkaf vun der Fabrick am Hierscht 2022

LCGB an OGBL stelle sech an der aktueller Situatioun och d'Fro nom eigentleche Grond vum Verkaf vun der Fabrick zu Conter am Hierscht d'lescht Joer.

"Am Oktober 2022 huet Dupont de Nemours den Dupont Teijin Films u Celanese verkaaft: et ass eng Joint Venture tëschent Teijin Films a Celanese, wou mir eis froen: Ass dat hei eng Situatioun, déi ee schonn hätt kënnen antizipéieren, en vue vun deene leschte Resultater, respektiv vun de wirtschaftleche Resultater?"

Wéinst dem ugekënnegte Plazenofbau zu Conter wëllen d'Gewerkschaften eng Entrevue mam Aarbechtsminister Georges Engel froen. Si hoffen op eng aktiv Ënnerstëtzung an op Léisungsvirschléi.