A sechs Gemenge gouf de Sonndeg net gewielt, well manner Kandidate wéi Mandater do waren. D'Buergermeeschtere vun deene Gemengen hu sech alleguerte kritesch zu där Dispositioun geäussert. Zu Wanseler war och 2017 schonn net gewielt ginn.
Méiglech Ännerungen um Walgesetz
Fir d'Carole Hartmann, DP-Generalsekretärin a Kandidatin zu Iechternach ass dat een Usporn fir d'Schafe vu weidere Fusiounsgemengen.
Esou kéint een op méi groussem Territoire méi groussflächeg plangen an et hätt ee méi e grousse Pool u potentielle Kandidaten. A grousse Gemenge sollt et hirer Usiicht no dann e Vollzäitbuergermeeschter ginn.
D'Jessie Thill vun déi gréng, déi zu Walfer kandidéiert, seet, datt politesch Mandater besonnesch fir Jonker ofschreckend sinn. Et wier schwéier, Famill, Aarbecht an e politescht Engagement ënner een Hutt ze bréngen. Et géif ee sech dowéinst bei déi gréng fir eng wäitgräifend Reform vum Congé politique asetzen.
Et wier och méi schwéier sech politesch ze engagéieren, mengt sengersäits den CSV-Deputéierten a Kandidat an der Stad Paul Galles, virun allem fir sech zu enger Partei ze bekennen.
Parteien hu Problemer sech an de klenge Gemengen ze verankeren. D'CSV hätt sech dofir an enger Rëtsch Gemenge bereet erkläert, fir mat oppene Kandidatelëschten, déi also net just aus Parteimembere bestinn, an d'Walen ze goen.
Och Duebelmandater en Theema
Vill vun deenen, déi haut gutt ofschneiden, kommen duerno op d'Kandidatelëschte fir den Hierscht. Dat féiert zu villen Duebelmandater. CSV an déi gréng setzen sech a fir eng Trennung vun de Mandater. Fir déi lokal Stëmmen an der Chamber dee Moment net aus dem Gesetzgebungsprozess ze verléieren, kéint een eng "Chambre des élus locaux" schafen, e sougenannte Syvicol Reloaded, esou den CSV-Deputéieren a Kandidat an der Stad Paul Galles.
Dee Gremium sollt och e relativ staarke Pouvoir hunn. Fir d'Jessie Thill vun déi gréng missten d'Mandater professionaliséiert ginn, souwuel op nationalem, wéi op lokalem Niveau. Den Ament hätten d'Chamberdeputéiert beispillsweis just 20 Stonnen d'Woch Congé politique, eng hallef Tâche.
D'DP géif sech enger Diskussioun zu Duebelmandater net verschléissen. Esou eng Reform misst allerdéngs am ganz breede Konsens ugaange ginn, betount d'DP-Generalsekretärin Carole Hartmann, déi selwer och zu Esch kandidéiert. Perséinlech wier si awer der Meenung, datt déi lokal an national Mandater ganz komplementar sinn.