De Budget fir de Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai läit aktuell bei insgesamt 32 Milliounen Euro. Fir den CSV-Deputéierten Claude Wiseler eng héich Zomm, déi an de Projet investéiert gëtt, hie fënnt awer och, datt Lëtzebuerg uerdentlech soll presentéiert ginn. Hie hofft, datt d'Regierung dëse komplexen Dossier, deen de Bau, d'Organisatioun, den Inhalt an d'Presentatioun vu Lëtzebuerg no baussen "uerdentlech iwwer d'Bühn kritt".
D'Envelopp vun 32 Milliounen Euro kéint nach weider klammen, esou d'Maggy Nagel, General-Kommissärin fir d'Weltausstellung. Privat an institutionell Partner kënnen de Pavillon als Plattform notzen. Wéilte sech zum Beispill weider Ministèren am Lëtzebuerger Pavillon presentéieren, klëmmt de Budget.
De Groupement d'Intérêt économique, kuerz GIE, huet d'Mandat fir de Lëtzebuerger Pavillon ze bauen an ze ënnerhalen. Um Projet bedeelege sech och Sponsoren aus der Lëtzebuerger Wirtschaft, sief dat aus der Stolindustrie oder der Logistik. Si droen hiren Deel zum Budget bäi. E Budget, deen duerch Imprevuen ugepasst gouf.
Charta soll Respekt vum Aarbechtsrechts respektéieren
Um Ufank vum Projet wier e Budget vu 25 Milliounen Euro virgesi gewiecht. Et hätt sech awer séier erausgetallt, datt de Bau am Verglach zu Lëtzebuerg, ronn 30 Prozent méi deier ginn.
Dat hätt zur Konsequenz gehat, datt de Budget mam Accord vum Staatsrot gehuewe gouf. Op d'Äusserung vun enger Journalistin, datt d'Aarbechter op der Plaz trotz deenen 30 Prozent weiderhin näischt géife verdéngen, gouf net reagéiert. D'Maggy Nagel huet dogéint confirméiert, datt fir de Bau vum Pavillon virun allem Aarbechter aus Indien a Pakistan rekrutéiert goufen.
Den Organisateur hätt vill Efforte gemaach, wat d'Aarbechtsrecht ugeet an déi bedeelegt Länner géifen zu all Moment driwwer informéiert ginn, wat um Terrain leeft. D'Firmen déi d'Aarbechten ausféieren géife regelméisseg kontrolléiert an d'Aarbechtsconditioune wieren an enger Charta mam Organisateur festgeschriwwe ginn.
Sollt eng Entreprise d'Charta net respektéieren, géif si keng Erlaabnis kréie fir um Site vun der Welt-Expo ze schaffen, esou de Marc Scheer, General-Secrétär vum GIE. De Sven Clement hat an der Chamber-Wirtschaftskommissioun un d'Anhale vun Aarbechts- a Mënscherechter appelléiert. "Mir gesinn awer duerch rezent Reportagen aus dem Katar zum Beispill, datt och bei de Stadien dir de Fussball déi Erklärungen ofgi gi sinn, awer net onbedéngt agehalen goufen." Dofir misst een oppassen, datt net nëmmen eng Absichtserklärung agehale géif ginn, mee et misst och um Terrain kontrolléiert ginn op déi Absichtserklärung agehale gëtt.
Diversitéit, Connectivitéit, Durabilitéit, Entrepreneuriat an d'Schéinheet vu Lëtzebuerg
Den Zouschlag fir de Bau vum Pavillon huet eng schwäizer Baufirma kritt. D'Aarbechte sollen dëse Juli ufänken an ee Joer daueren. Um Enn soll de Pavillon d'Visiteuren op eng interaktiv Manéier iwwer dräi Etagen duerch Lëtzebuerg féieren, seet d'Maggy Nagel. "Et geet een d'Trap erop bis an de Pavillon. Da fänkt een ënnen u mat dem Sujet Diversitéit a Connectivitéit. An dann erop bei d'Durabilitéit, den Entrepreneuriat an d'Schéinheet vu Lëtzebuerg.
Um Inhalt vun deene Punkte gëtt de Moment nach geschafft", sou d'General-Kommissärin fir d'Weltaustellung. D'Weltaustellung mécht den Oktober 2020 seng Dieren op a leeft ronn sechs Méint ënner dem Motto "Connecting Minds, Creating the Future". Iwwer 180 Länner stellen zu Dubai aus. 25 Millioune Visiteure gi sech vun den Organisateuren erwaart.