Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess géint d'"Nigeria Connection"

Drogen & Justiz

Prozess géint d'"Nigeria Connection"

De 17. Januar 2017 huet ee fir Lëtzebuerger Verhältnisser gréisseren Drogeprozess ugefaangen. De Mëttelpunkt vum Reseau wier zu Waasserbëlleg gewiescht, op der Stater Gare goufen d'Droge verkaf. Fir den Europäeschen Drogenobservatoire huet een et hei mat enger ganz typescher Organisatioun ze dinn - an de Prozess wäert héchstens ee lokalen Impakt hunn.

auto_stories

5 min

D'Verhaftung vun enger ganzer Partie Nigerianer, de 27. Oktober 2015 zu Waasserbëlleg, war den Héichpunkt vun enger méintelaanger Police-Enquête. Annerhalleft Joer méi spéit sëtzen 21 Nigerianer op der Uklobänk, dorënner 18 Stroossendealer.

Ugeklot ass och hire Fournisseur, genannt "Paul Henri". Dann de Joseph E., Proprietaire vun engem Haus zu Waasserbëlleg, dat als eng Zort Hotel funktionéiert huet. An och dem Joseph E. seng Frëndin muss sech viru Geriicht veräntwerten. D'Envergure vum Prozess ass éischter ongewinnt zu Lëtzebuerg, seet de Justizspriecher Henri Eippers. Dat géif d'Police an och d'Justiz virun eng Rei organisatoresch Erausfuerderunge stellen, fir datt de Prozess sécher an uerdentlech kann oflafen.

De Phenomen vun nigerianeschen Drogendealer an der Stad wier zënter 2011 nees däitlech z'erkenne gewiescht, sot de Polizist Ralph Kohn viru Geriicht. De Commissaire en chef vun der Drogesektioun vun der Police judiciaire huet erkläert, datt ee mat den heefege Verhaftunge vun nigerianesche Stroosseverkeefer de Phenomen net hätt kéinte bekämpfen.

Fir un d'Hannerleit ze kommen hätt een Ugangs 2015 eng Spezialunitéit gegrënnt. Duerch d'Aussoe vun zwee verhaften Dealere wier d'Police op d'Waasserbëlleger Drogennetz gestouss. Während 114 Deeg hätte si sech e Bild vun där Organisatioun kéinte maachen.

Ee Joer vs. 15 Joer Prisong

Um ënneschten Träpplek: Stroossendealer, déi dagsiwwer Kokain am Garer Quartier an der Stad verkaf haten, fir duerno am Waasserbëlleger Haus/Hotel z’iwwernuechten. Do also, wou se mat Droge beliwwert gi wieren.

Si si einfach kleng Dealeren oder Membere vun enger organiséierter Band? Fir d'Maitre Céline Mertes, déi ee vun deene Männer verdeedegt, mécht dat duerchaus en Ënnerscheed. Wann een Droge verkeeft, kritt een dofir ee Joer Prisong, mee op der organiséierter Kriminalitéit sti bis zu 15 Joer Prisong.

Hire Client an déi aner Stroossendealer hätten esou eng Strof net verdéngt: "Dat si Leit, déi aus engem aarme Land kommen an déi versichen, iergendwéi iwwer Waasser ze bleiwen."

Ee Frontalier mat wäertvollem Gepäck

D'Droge kruten d'Stroossendealer vun engem nigerianesche Fournisseur. De sougenannte "Paul Henri" wier deeglech mam Zuch tëschent Athus a Waasserbëlleg gereest. De Kokain hätt hie selwer vun engem Händler aus der Ëmgéigend vun Antwerpe geliwwert kritt, zesumme mat Rotterdam eng vun den Haaptentrées-Diere fir den europäesche Marché.

Enger graffer Aschätzung no kéint de Fournisseur iwwert déi 114 Deeg vun der Iwwerwaachung 28,6 Kilo Kokain transportéiert hunn. Wa bis gestreckt, wier esou Wuer an engem Wäert vun 1,3 bis 1,7 Milliounen Euro an Ëmlaf bruecht ginn.

Eng Fassade fir den Drogereseau?

Wéi eng Roll huet do den Haaptugeklote Joseph E. gespillt? Dem Proprietaire vum Waasserbëlleger Haus/Hotel gehéiert och e Café am Garer Quartier (de fréieren "Nice Bar"). Fir säin Affekot Stéphane Pelzer, hätt den haut 46 Joer alen Joseph E. näischt mam Drogentrafic ze di gehat, dee vu sengem Hotel oder Haus aus organiséiert gi wier.

"Datt et dësen Trafic gouf, ass etabléiert. Mee mäi Client huet d'Organisatioun vun deem Trafic net am Detail kannt. Hie wosst, datt et e gëtt. An dat huet hie selwer bei der Police denoncéiert."

Den Enquêteuren no hätt de Joseph E. domat nëmme wéilten eenzel Leit lassginn, déi ëm net méi gepasst hätten. Um Trafic wier de Proprietaire vum sougenannte "Sleep Well"-Hotel op der Musel méiglecherweis net direkt selwer bedeelegt gewiescht, sot viru Geriicht de Ralph Kohn, Commissaire en chef vun der Drogesektioun bei der PJ.

Allerdéngs hätt hien eng "favorabel Struktur geschaf". Hannert der Fassade vun enger caritativ-reliéiser Organisatioun hätt de Joseph E., zesumme mat senger Frëndin Bekky T., seng Landsleit ausgebeut.

Dem Chef ausgeliwwert

Eng 40 bis 50, alt emol bis zu 86 Nigerianer hätten deeglech ënner mënschenonwierdege Konditiounen an dësem "Drogebunker" iwwernuecht. D'"Gäscht" hunn 20 Euro d'Nuecht oder 400 Euro de Mount misse bezuelen. Dës Organisatioun entsprécht méi oder wéineger der Aart a Weis, wéi vill westafrikanesch Drogebanden organiséiert sinn, erkläert de Laurent Laniel vum Europäeschen Drogenobservatoire zu Lissabon.

Dacks géif ee Chef eng zéng bis 15 jonk Männer kontrolléieren. Si ginn hire Pass of, a kréien Iessen an eng Schlofplaz zur Verfügung gestallt. Et sinn also Employéen, déi hirem Patron komplett ausgeliwwert sinn. An dëser staark hierarchescher Struktur gëtt et dem Laurent Laniel no meeschtens just ee Chef, mat heiansdo e puer "Lieutenanten" u senger Säit.

Weltkaart vum Drogenhandel

Kokain gëtt haaptsächlech a Kolumbien, Peru a Bolivien produzéiert. Op hirem Wee an Europa kënnen d'Drogen duerchaus iwwer Westafrika transitéieren, wou nigerianesch Banden ee groussen Deel vum Trafic kontrolléieren. Nigeria gesäit sech e bësse wéi d’Vereenegt Staate vun Afrika, seet de Laurent Laniel. D'Land hätt relativ vill Pouvoir an der Regioun, dat souwuel politesch, wéi och militäresch an ekonomesch.

Nigerianesch Drogebanden hu sech am Ausland konnten etabléieren, och well se sech op nigerianesch Auswanderer kënne stäipen, heescht et am leschte Joresrapport vum Europäeschen Drogenobservatoire. Mëttlerweil géifen och Europäer rekrutéiert ginn, fir d'Droge via de Fliger an Europa ze transportéieren. Dat well se manner opfalen.

En Deel vum Ëmsaz fléisst dann zréck an Nigeria, wou en an de Bau vun Haiser an Hotellen investéiert a wäissgewäsch gëtt. Fir den Drogefuerscher Laurent Laniel spillt och ee fir Nigeria typeschen "esprit d’entreprise" eng Roll. An dësen Entrepreneursgeescht géif eben legal oder illegal Weeër fannen.

Keen internationalen Impakt

Kulturell Ënnerscheeder, wéi beispillsweis de Glawen u Voodoo, sproochlech Barrièren, oder déi verschidden ethnesch Originne si Fakteuren, déi der Police d'Aarbecht méi schwéier maachen. Et wier net einfach, déi nigerianesch Drogennetzer ze verstoen, huet et viru Geriicht geheescht.

An awer sëtzen elo 21 Leit op der Uklobänk. Well Lëtzebuerg e klenge Marché ass, hätt dat keng gréisser Auswierkung op den internationalen Drogenhandel, seet de Laurent Laniel. Am Grand-Duché kéint een awer dervun ausgoen, datt dëse Prozess een Impakt hätt.

Et misst een ofwaarden, ob a wéi séier de Reseau eventuell mat neie Leit nees opgebaut gëtt. Et kéint gutt sinn, datt deen eigentleche Kapp vun der Organisatioun am Prozess ni wäert ernimmt ginn, well déi Ugekloten ëm hiert Liewe musse fäerten.