Radioen

On air

Trendscheif  |  Corridor - Jump Cut

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​Drogekonsumraum och fir den Norden?

Gesondheet

​Drogekonsumraum och fir den Norden?

Mam Contact Esch gouf leschten Donneschdeg deen zweeten Drogekonsumraum zu Lëtzebuerg ageweit. D'Jugend an Drogenhëllef fuerdert, datt sou eng Struktur och am Norde vum Land geschafe soll ginn, esou wéi et och am Regierungsprogramm festgehale gouf.

auto_stories

2 min

Nieft dem Contact Esch an dem Abrigado an der Stad Lëtzebuerg, fuerdert d'Jugend an Drogenhëllef op d'mannst ee weideren Drogekonsumraum am Norde vum Land - esou wéi et och am Regierungsprogramm festgehale gouf.

De Jean Paul Schaaf, Buergermeeschter vun Ettelbréck, gesäit keng Noutwendegkeet fir esou en Drogekonsumraum a senger Gemeng ze schafen, well et zu Ettelbréck keng visibel Drogenzeen géif ginn - op d'mannst net esou, wéi dat zu Esch oder an der Stad de Fall wier.

Een Drogekonsumraum géif op eng Drogenzeen reagéieren, déi op der Strooss spierbar ass. Esou eng oppen Drogenzeen géif et, dem Jean-Paul Schaaf no, zu Ettelbréck net ginn.

"D'Stad an Esch kënnen net de Misär vum ganze Land traitéieren"

Dem Direkter vun der Jugend an Drogenhëllef, dem Jean-Nico Pierre no, géif d'Visibilitéit vum Drogekonsum an dësem Fall awer näischt iwwer den tatsächleche Problem aussoen. Et misst ee kloer feststellen, datt et "e Koup Leit [géif ginn], déi aus dem Norden an d'Stad kommen hir Droge kafen, respektiv an den Drogekonsumraum vum Abrigado ginn. A wann si do fäerdeg sinn, erëm séier mam Zuch an den Norde fueren". Dat heescht, et géif e Konsum-Tourismus ginn, sou de Jean-Nico Pierre, an et kéint net sinn, datt d'Stater Gemeng an d'Gemeng Esch de Misär vum ganze Land traitéieren.

Fir e weideren Drogekonsumraum am Norden ze schafen, wier ee fir den Ament nach mat kenger anerer Gemeng am Gespréich, sou de Jean-Nico Pierre weider.


De Bäitrag vum Max Dalscheid:

Lauschterenplay_arrow